Sorry, this entry is only available in Lëtzebuergesch. For the sake of viewer convenience, the content is shown below in the alternative language. You may click the link to switch the active language.

Mäi Mann an ech hunn haut an der Stad Lëtzebuerg emol zanter laanger Zäit erëm e klengen Tour gemaach.

Di flottsten Entdeckung a fir mech haut en absoluten Highlight:

E klenge Bio-Vegan-Traiteur mam Numm Rawdish an der Porte-Neuve, dat ass an dem Passage wou hannen den Alima dran ass.

Et muss ee kee Vegetarier sinn…

… fir vun dem Buttek a Konzept begeeschtert ze sinn. Beim Paleo- oder Primal Liewensstil maache Geméis, Nëss, Keimen, Zaloten, Friichten etc jo awer de gréissten Deel vun der Ernährung aus. An dat ganzt ass och nach BIO!!!

Mir haten en Dr. Green (Apel, Spinat, Fenschel, Concomber, Zellerie, Ingwer, Menthe, Péiterséileg an Zitroun) an en Beetbanger (rout Rommelen, Muerten, Orange, Zitroun, Dëll) Jus. Dobäi Oat Granola Balls (Huewerflacken, Mandelbotter, réie Kakao, Kokosflacken, Kokosuelech, Hanfsoom, Agavennektar) – alles frësch, méiglechst lokal a Bio an dat huet een och geschmaacht!

An dat Bescht: dat ganzt ass zoufälleg och zimmlech Paleo-konform, obwuel dat absolut net den Thema vum Buttek ass. WONNERBAR, esou Initiativë brauche mer hei zu Lëtzebuerg! Gitt onbedéngt emol op déi Adress kucken a virun allem: schmaachen. Et ass genau dat, wat ons hei fehlt. Dir fannt se och op Facebook.

2 thoughts on “(Lëtzebuergesch) Eng flott Adress zu Lëtzebuerg

  1. Bei all Versteessdemech fir Äer Begeeschterung, wa Leit nei Iddiën hun a se och ënsetzen: ziel kee mer, Kokosnoss, Agaven a Mandelen wieren “lokal”.
    Ech deelen awer Äer Meenung, dass et méi sou Restaurantën brauch!

    1. Ganz flotten an intelligenten commentaire, vilmools merci! Nemmen esou kritt een esou e Blog un d’Liewen! Natierlech hutt Dir Recht domat, dass net alles lokal ze kréien ass, vläicht hätt ech daat missen derbai schreiwen fir all déi, déi eventuell net wessen dass Kokosnoss, Agaven a Mandelen net hei zu Lëtzebuerg wuessen. Ech bleiwen awer bei menger Begeeschterung, en plus kann ech mir näicht dofir kaafen.

Comments are closed.