Vëlo

Sorry, this entry is only available in Lëtzebuergesch, German and French. For the sake of viewer convenience, the content is shown below in one of the available alternative languages. You may click one of the links to switch the site language to another available language.

Ech héieren schon d’Kritiker: Hah – an der Steenzäit gouf et iwwerhaapt kee Vëlo!

Stëmmt! Ech hunn – trotz Paleo oder Primal Liewensstil – och guer näischt géint vill vun onsen techneschen Errungenschaften. Ganz am Contraire! Et sief dann, se sinn ze vill géint ons Natur a maachen ons op Dauer krank – ouni e wesentlechen Virdeel mat sech ze bréngen. An: ech hat Iech jo vun Ufank un ugekennecht, dass een net muss mam Lendenschurz duerch d’Groussgaass trëppelen, fir senger millioune Joren aler Genetik gerecht ze ginn.

Allerdéngs wor ech nach ëmmer dovun iwwerzeegt, dass een esou vill wéi méiglech sollt mat der eegener Muskelkraaft kenne maachen.

shutterstock_114741418

Waat am Prinzip also heescht, dass een esou vill wéi méiglech ze Fouss, oder – wann een daat léiwer huet – mam Vëlo soll maachen. Wann Dir Iech un déi sou genannten “Primal Regelen” op dëser Säit erënnert, da wësst Dir, dass et net just drëm geet, fir sech gesond ze ernähren, mat Liewensmëttel déi weder industriell nach genetesch verännert goufen. An dass 80% vun Ärer Gesondheet, Fitness a Gewiicht ofhängech sinn dovunner, waat Dir iesst. Mee … dass et nach e puer aner Prinzipien ginn déi daat Ganzt ofronnen: Bewegung, Schlof, Sonn, etc…

Haut geet et also ëm d’Bewegung

Manner ass méi!

Dat ass eppes, wat ech och hu misse léieren – well wéi vill aner Leit op dëser Welt hunn ech och ganz laang gemengt, ech misst all Dag mindestens 1-2 Stonnen trainéieren, am beschten iergend en Ausdauersport, fir gesond, fit a schlank ze sinn. Wou mäi Coach mir 2012 am 1. Entretien sot, , ech dierft maximal 3 mol an der Woch trainéiren, do hunn ech just geduecht “Deen huet se net mi all!” En plus haat main Trainingsprogramm och nach nëmmen 30 Minutte gedauert! 1.5 Stonnen an der Woch an net am Daag??? Haut – mat mengem Studium – weess ech, dass déi Astellung vu fréier zimlech kontraproduktiv wor. Regelméisseg, identesch Bewegungsofleef, wéi z.B. Joggen (all Dag an och ëmmer mat dem selwechtem Tempo) steigert den Kortisol (=Stresshormon) Haushalt am Kierper a fërdert Verletzungsgefor. Kortisol ass e wichtegen Hormon deen de Kierper belaaschtbar mécht fir aussergewéinlech Situatiounen (Kampf oder Flucht). Dee Virgang am Kierper ass gesond, normal an esouguer wënschenswäert. Mee ann de Kierper awer permanent op genau si selwecht Aart a Weis belaascht gett, ass permanent Kortisol am Spill. De Kierper kritt kaum Zäit fir déi Muskelgruppen ze regeneréieren a reagéiert dann oft mat Entzündungen an/oder Middegkeet. Ech war laang Joren an dem Muster dran: all Dag Joggen bis zum Ëmfalen, dunn 2004 an och am Joer dono e Marathon vun deenen ech mech awer net immens gutt erholl hunn. Firwat? Ech hunn et mat de Pausen a virun allem mat der Ofwiesslung net esou eescht geholl.

An haut?

Haut maachen ech maximal 2-3 Mol d’Woch Kraafttraining, 1 Mol d’Woch Intervallen an de Rëscht vun der Zäit bewegen ech mech normal: ze Fouss oder …. neierdéngs och ëmmer méi mam Vëlo.

Ech liewen also, esou gutt wéi et hautdesdaags méiglech ass, no den 10 “Primal” Regelen. An eng dovunner ass:

De Mënsch ass net dofir gemaach, fir dauernd ënnert Stroum ze stoen.

Dréint “d’Auer” einfach emol em 20.000 Joer zréck a stellt Iech Folgendes vir: Et gëtt keng Industrie, keen Auto, keen Telefon. Et gi keng Stroossen, keng Haiser, kee Sonneschutzmëttel a keng Schong a keng Radaren oder Stroosseschëlder. Dir lieft an der fräier Natur. Dir hutt keng Verflichtungen, ausser dofir ze suergen, dass et iergendwann am Dag eppes ze iesse gëtt. Dofir gitt Dir also spadséieren a pléckt di eng oder aner Fruucht, flott Geméis, Som, Wuerzel oder Noss. A vläicht emol ergattert Dir en Déier, entweder ass et schonn erluecht vun nach engem mi grousse Raiber oder Dir hutt et selwer iwwert Häerz bruecht, et ze joen. Bei esou engem Dagesoflaf kennt een an der Woch op ronn 17 Stonnen “Arbecht” – also d’Sich no eppes ze iessen. De Rescht ass: faulenzen, raschten, sonnen, spillen, Relatioune fleegen … méi net.

A wat maache mir? Mir hetzen vun 1 Rendez-vous an den aneren oder setzen 8 Stonnen den Dag op engem Stull. Mir maachen dat meeschtens emol nach net fir ons selwer, mee fir onse Patron. Dann hetze mer (meeschtens am Auto!) an de Bësch oder an de Fitness-Center fir dann do stonnelaang op iergend eng Aart a Weis ze strampelen, fir entweder ons Energie oder ons schlecht Gewëssen lass ze ginn.

A well et der ëmmer méi ginn, déi esou fonctionnéieren, stinn och ëmmer méi Autoen op de Stroossen. Jo: stinn! An d’Vëlo’en fuere laanscht.

Wéi laang a wéi oft stoungt Dir dann haut am Stau? Oder des Woch? Dëse Mount? A wéi vill Zäit hutt Dir dono mat der Sich no enger Parkplaz verbruecht?

Wéi vill vun Ärer wäertvoller Zäit geet doduerch verluer, dass den Auto fir mir kuerz Strecken vläicht awer net den idealen Transportmëttel ass?

Et kann een och den Zuch, de Bus oder demnächst esouguer den Tram huelen. Wéinstens ass een da bis bei di nächst Haltestell “getrëppelt”. Ass alt schonn emol dat.

Mee et kann ee senger Mobilitéit nach méi e grousse Kick ginn a gläichzäiteg senger Gesondheet an der Ëmwelt e grousse Gefale maachen. Ech hunn och eng Zäitchen dofir gebraucht an et war tatsächlech mäi Mann, dee mir gewisen huet, wéi einfach et ka sinn: bei him kéint ee bal mengen, hie wier mat engem Vëlo op d’Welt komm. Fir hien ass et di natierlechst Saach vun der Welt, fir all seng RDV’en ronderëm seng Aarbechtsplaz de Vëlo ze huelen a just fir di mi grouss Distanzen den Auto (et well ee jo och net plätschnaass verschweesst beim Client ukommen.) Ech war ëmmer nach mam Auto ënnerwee an hu geflucht, well hien mir bal all Kéier 10-30 Minutten viraus war. Ech sinn total genervt a gehetzt an onse RDV’en komm. An der Zäit hat hie scho gemitterlech d’Zeitung gelies. Natierlech hunn ech och e Coursevëlo an e Mountainbike … fir meng sportlech Aktivitéiten, awer fir mat “normaler Kleedung” emol Komissiounen ze maachen, an de Kino, den Theater oder op de Maart ze fueren ass e Course Vëlo oder e MTB dann awer net dat richtegt. Falsch Schong, kee Kierfchen … heiansdo sinn ech vläicht awer eng “Tussi” 🙂

Et muss een sech elo net, esou wéi ech et gemaach hunn, e fonkelneie Vëlo kafen. Ech hat eben keen am Keller oder am Späicher stoen, deen ech als Citybike wierklech hätt kënnen oder wëlle benotzen. Mee d’Stad huet jo de Vél(oh) Programm an et gesäit een ëmmer méi Leit mat deene bloen Drotieselen duerch d’Stad huschen. Ech fir mäin Deel wollt eben op d’Ganzt goen: ech deplacéieren mech elo esou oft wéi et geet komplett mam Vëlo an zwar vun doheem bis dohinner wou ech well fueren an ech hu mir dowéinst mat engem richteger “Tussi-Versioun” eng Freed gemaach. Esou kann ech dann och emol mat schéine Kleeder an den Theater oder e Restaurant fueren an dohanne meng chic Schong undinn, déi ech am Kierfche derbäi hunn. Sou … elo sinn ech hoffentlech alle Cliché’en gerecht ginn 🙂

Mam Vëlo ass et zimmlech flott a fir all déi, déi als Motivatiounsschub nach e puer Argumenter brauchen, voilà:

  1. Dir stitt net méi am Stau!
  2. Dir musst net no engem Parking sichen an och nach dofir bezuelen!
  3. Dir riskéiert kee Protokoll méi weinst falsch parken well et net souwisou net genuch Parkplaaze fir all di vill Leit gëtt.
  4. Dir stresst Iech net méi wéist Radaren oder soss Vitesse-kontrollen. An deen Dag wou Iech daat mam Velo awer passéiert kënnt Dir Iech beim Tour de France umellen.
  5. Dir kritt regelmässeg Bewegung, déi net monoton an net ze ustrengend ass. Heiandso eng kleng Ustrengung tëschenduech (e Bierg erop) ass awer gutt fir Äre Metabolismus (genetesch gesinn: Kampf oder Flucht).
  6. A wat mer zu méi sinn, kréie mer och emmer manner Ofgasen a Kaméidi.
  7. Dir begéint elauter léif Leit déi Iech frëndlech laachen (virun allem déi, déi och mam Vëlo ënnerwee sinn; d’Autos-chaufferen si leider net emmer esou frëndlech a verständnisvoll. Et gëtt also Zäit, dass sie emol an der Minoritéit sinn!)

Allez-hop: loosst Iech tentéieren a probéiert et aus! Et ass wierklech en aanert Liewensgefill a richteg flott.

Vëlo ass: Fraiheet pur!