Printemps

Sorry, this entry is only available in Lëtzebuergesch, German and French. For the sake of viewer convenience, the content is shown below in one of the available alternative languages. You may click one of the links to switch the site language to another available language.

D’Fréijoer ass do …

Abrëll! Endlech!!! Déi schéi Saison ass mat grousse Schrëtt ënnerwee: d’Fréijoer mat senger ganzer Schéinheet. Déi éischt Sonnestralen wiermen ons op, d’Villercher sangen, déi éischt Fréijoersblumme bléien an ons Gäert liwweren ons erëm nei Impulser. Fréijoer ass eng Saison déi méi wéi iergend eng aner ons fënnef Sënner heemelt. Endlech kënne mer onsere Gomm erëm verwinne mat frëschem Uebst a Geméis aus der Natur an der neier Saison. Endlech! No e puer Méint Wanter wou et an onser Géigend just gelagert Äppel, verschidde Kabeszorten, Gromperen a Muerte goufen.

Am Prinzip …

… well wéi vill vun ons sinn dru gewinnt, och am Wanter Äerdbier oder exotesch Friichten ze konsuméieren? Se sinn am Wanter disponibel obwuel der vill vun hinnen emol nach net am Summer hei kéinte wuessen. Ech muss mech ëmmer schudderen, wann ech gesinn wéi Leit am Wanter en Äerdbiersjugurt iessen, ouni sech Gedanken ze maachen. A schlëmmstefalls och nach steif a fest behaapten, se géingen elo eppes besonnesch Gesondes iessen. Et ginn dach iwwerhaapt keng Äerdbieren am Wanter! Wann d’Friichten also net déifgefruer oder gedréchent sinn, da komme se vu wäit hier. Se goufe mat vill Opwand (=Dünger) geziicht a gepléckt ee se zeideg sinn. Se hunn iwwerhaapt kee Goût. A fir dat ze verstoppen, gëtt aus engem Friichtejugurt eng chemesch Bomm: mat Faarf, Aromaen an zougesatenem Zocker. Vitaminnen? Gees De: d’Friichte gi gepléckt, ee se zeideg sinn, wou soll sech do hier eigentlech Vitaminnen – a Mineral Villfalt entwéckelen? Se mussen awer esou gepléckt ginn, soss géingen se hier laang a beschwéierlech Rees heihin iwwerhaapt net packen. Wie profitéiert dovun? Är Gesondheet sécher net an Äert Gewiicht op Dauer och net!

Ass onse Räichtum domadder net eigentlech e groussen Aarmut? 

Mir verzichten op d’Virfreed, also déi schéinste Freed. Mir waarden net méi a si bereet, en héije Präis dofir ze bezuelen: mannerwäerteg Wuer, ouni Spannung a Belounung.

A wa mir ons d’Fro géinge stellen – ee mir eppes an den Akaafskierfechen leeën: welche Präis bezuele mir elo hei genau? Net deen an EURO. Neen, deen a Saachen Pleséier, Goût a Gesondheet? Elleng schonn d’Rees vun deene Friichten an de ganzen CO2 deen domadder verbonnen ass … ass dann eng importéiert Bio-Kiwi oder Bio-Orange iwwerhaapt nach Bio? Elo mol ganz éierlech….

D’Alternativ ass wesentlech méi intelligent an och vill méi appetitlech!

Genéisst Uebst a Geméis wann et hei an onser Géigend zeideg ka gepléckt ginn. Freet Iech einfach drop, d’Natur huet sech schonn eppes dobäi geduecht. Ech kennen se, d’Virfreed op Äerdbier no engem laange Wanter an deem et just Äppel aus Lagerung gouf. Ech hätt se net, des Virfreed, wann ech de ganze Wanter iwwer géing Äerdbier iessen, déi en plus no näischt schmaachen!

Pure Genoss an daat ouni schlecht Gewëssen!

Genéisst d’Virfreed op di eenzel Saisone mat hire spezifesche Goûten, d’Diversitéit déi d’Natur an der Zäit ze bidden huet. Kommt eraus aus Ärer Routine, wou Dir all Dag dat selwecht kritt, egal wéi d’Wieder dobaussen ass a wéi d’Sonn steet. Verzicht op Produiten aus Béchsen, Këschten, Kartongen, Fileten a virun allem Plastik – wou praktesch ëmmer mat Chimie an Zocker geschafft gëtt, fir de Misär ze verstoppen.

Am Mäerz an am Abrëll kréie mer erëm Mauséiercherszalot, Bettseecheschzalot, Spinat, Sauerampel, Péiterséileg, frësch Porretten, Champignonen, grénge Kabes, Rubbarb a Spargelen. Baueren, déi mat Zären schaffen, kennen ons scho mat Zaloten, Kornischongen, Kolraf, Mangold a Réidercher verwinnen.

Fir déi, déi elo op de Goût komm sinn a Loscht kruten, sech och selwer ze versuergen, entweder mat engem klenge Gaart oder um Balcon: et ass elo un der Zäit, fir zum Beispill Tomaten, Poivronen a Bratzelen dobannen ze séinen. Esoubal d’Pflänzecher staark genuch sinn an et dobaussen net méi fréiert, kennen se dann eraus.

Kennt Dir de  grénge Kuerf?

Um Wochemaart kann ee sech net sat kucken. Et ass e ganz anere Flair wéi am Supermarché. Awer och do kann een an d’Fal vum éiwegen, globaliséierten, Komfort falen: et gi vill Geméisstänn, wou een och am Wanter Äerdbier, Bieren oder exotesch Friichte fënnt, déi och am Summer net géingen hei zu Lëtzebuerg wuessen. Och wann et schéin presentéiert ass, soll ee sech net vun der flotter Ambiance oflenke loossen: hei ginn et vill Geméis- an Uebstzorten an aner Produiten, déi an hirer Qualitéit net besser sinn ewéi wann ee se géing am Supermarché kafen.

Fir all déi, déi keng Zäit, Loscht, Energie oder Experienz hunn, sech op eegen Initiatiiv domadder ze beschäftegen, do kéint de grénge Kuerf vu  “Co-labor” eng praktesch Léisung sinn. Esou hunn ech och ugefaangen: all Woch kritt Dir e Kuerf wou Geméis an Uebst, oder och Eeër aus der Regioun dra sinn. Dir wësst net am viraus wat Dir kritt: all Kuerf ass eng Iwwerraschung. Dir kritt dat, wat grad an de Biogäert vu Lëtzebuerg an der Groussregioun gepléckt gouf. Dat eenzegt, wourop Dir Iech kënnt verloossen ass, dass et ëmmer bio, lokal, saisonal a frësch ass. An da lass! Et ass eng wonnerbar Méiglechkeet, Geméiszorten erëm ze entdecken, déi ee längst vergiess huet. Ech hu méi wéi eng Kéier misse meng Bomi uruffen, fir se ze froen, wat dat eent oder dat anert ass a wat een domadder ka maachen. An op déi Aart a Weis hunn ech och erëm Freed um Kache kritt a flott Rezepter kreéiert. Bei méi aussergewéinlechen Geméiszorten läit esouguer heiansdo en Ziedel mat enger Rezeptiddi derbäi. A soss: loosst Ärer Imaginatioun fräie Laf – et kann een oft méi mat de Saachen am Frigo ufänken, wéi ee mengt.

An um Wochemaart: kaaft am beschten ëmmer lokal, saisonal a bio. Déi Leit, déi Iech zerwéieren musse capabel sinn, Iech op all Fro eng Äntwert ze ginn: wou kennt et hier, wéini ass et gewuess, wéini gouf et gepléckt… Ech perséinlech hunn dat schéinsten Akaafserliefnis mat der  Mme Sylvie Clees vu Steinsel. Si an hier Famill bedreiwen e BIO-Bauerebetrib genau sou wéi ee sech e virstellt. An op hirem Stand gëtt et näischt, wat si net kennt. Si selwer huet gréisstendeels alles selwer geséint, gefleegt, gepléckt a mat op de Stand bruecht. A si kennt och d’Zoustänn op den Häff wou se déi aner Saachen hier huet. Hier Passioun fir BIO ass spierbar a wann een e Gespréich mat hier ufänkt, da léiert een enorm vill bäi. Eng richteg Freed. Sicht Iech esou Leit, da sidd Sir ëmmer gutt zerwéiert!

Ah, a wou se elo schonn esou oft zitéiert goufen: d’Äerdbiere kommen eréischt am Mee, Juni … net elo am Abrëll. Fanger ewech, also, vun den Äerdbier déi Dir elo scho kënnt fannen, se hu näischt mat deem ze dinn, wat mir kréie wann et zeideg gepléckt gëtt an direkt ka genoss ginn!

A wéi ass et da mat deenen, déi net op hire Jughurt wëlle verzichten? Abee: dat beschte Rezept ass dat, dass ee sech en Naturjughurt keeft (Vollfett!!!) an da Friichte selwer dra mëscht. Welsch Friichte ginn et am Wanter? Am Prinzip nëmme Lager-Äppel. Ausser et hat een de Reflex, Uebst anzefréieren oder ze dréchenen. Dofir ginn et ganz praktesch Dréchegeräter. Wann et keen Uebst gëtt, da kann ee sech mat Vanill, Kokosraspel, Nëss (Macadamia zB) oder engem Läffel Expresso ganz gutt hëllefen.  Awer net derbäi vergiessen, dass dat och importéiert Wuer ass (CO2) an Dir do och mat Ärem Gewësse musst ausmaachen, wéi vill vun deene Saachen däerfen de Wee op Ären Teller fannen. Op d’mannst sinn et keng Zutaten, déi gepléckt goufen, ee se zeideg waren an déi domadder e groussen Dee vun hire Virdeeler nach net entwéckelt hunn.

Bis geschwënn!

Nathalie