Leider ist der Eintrag nur auf Lëtzebuergesch und Französisch verfügbar. Der Inhalt wird in einer anderen verfügbaren Sprache angezeigt. Sie können einen Link anklicken, um zu einer anderen verfügbaren Sprache zu wechseln.

Loscht op Spaghetti?

A firwaat emol net eng aner Variant?

Haut presentéieren ech Iech ee vu menge Liiblingsmenuen, fir déi Deeg wou ech kee Fleesch am Frigo hunn, well ech keng Zäit hat, fir bei de Metzler … op d’Juegt ze goen. 😉

D’Zutaten vun dësem Plat si schnell opgezielt:

2 grouss Courgetten
200 gr Thon
15 gr Knuewelek (= 5 Zéiwen)
2 Fréijoerszwibbelen
1 Dous Biotomaten aus der Béchs oder natierlech frësch Tomaten wann een der huet!
E bëssi Parmesan (OUNI Parmesan = PALEO, MAT Parmesan = PRIMAL)

 D’Courgetten sin d’Spaghetti’en

Déi ginn an enger Aart „Spëtzer“ zu Julienne Sträifen verschafft an 2 Minutten an enger Pan waarm gemaach. Dat kann ee mat e bëssi Olivenueleg, Botter oder Schmalz maachen, jee nodeems wourop ee Loscht huet a wat grad do ass. Geet also weesentlech méi schnell wéi Nuddelen!

Fir d’Zooss mam Thon muss een och net zaubere kënnen: 

Knuewelek, Fréijoerszwibbelen a wann een et gären e bëssi schaarf well hunn, eng Chili derbäi ….
Alles liicht an der Pan ubroden, awer net schwaarz gi loossen, dann den Thon dran an zum Schluss d’Tomaten. E bëssi brutschele loossen, salzen, pefferen esou wéi et Iech am beschte schmaacht … fäerdeg. Et geet schnell an et depannéiert wonnerbar wann een emol (ausser de frësche Courgetten) näischt am Frigo huet.

Dat sinn 800 Kalorien, dovunner ca. 60% aus Proteinen (85 gr), ca. 20% aus Kuelenhydrater (35 gr) an 20% aus Fett (35 gr). 

Als Zousaatz kréie mer:

126 mg Vitamin C
0.176 gr Vitamin A
7.1 mg Eisen
160 mg Magnesium
1634 mg Kalium
10.6 gr Ballaststoffer

A mat Nuddelen???

Géing een dat Ganzt mat Nuddele maachen amplaz mat Geméis, kéime mer  op 1000 Kalorien. Dat sinn der net nëmmen 20% méi mee se kommen och nach ouni iergendwellechen PLUS fir d’Gesondheet. EIDEL KALORIEN OUNI ZOUSÄTZLECHE BËNËFISS! Hei hu mer:

20 gr Vitamin C,
2 mg Eisen,
96 gr Magnesium,
572 mg Kalium an
9 gr Ballaststoffer (Fir all déi, déi mengen, Nuddelen misse wéinst de Ballaststoffer ze iessen. Et kritt een der mat Nuddele manner wéi mat de Courgetten!)
Dat schlëmmst ass sinn d’Proportiounen a punkto Makronährstoffer: 30gr Fett, 88 gr Kuelenhydrater a 85 gr Proteinen) Well d’Kuelenhydrater aus de Nuddelen jo och Zocker sinn, gëtt direkt mat Insulin reagéiert fir den Zocker aus dem Blutt ze kréien. An der Zäit wou den Insulin mam Zocker beschäftegt ass, gëtt bekanntlech kee Fett verbrannt…
Déi sou genannten Broteinheiten, eng Eenheet, déi all Diabetiker bekannt ass, an déi den Afloss op den Insulinspigel moosst, lait bei der Nuddelsvariant bei 7.3! Bei den ZucchiniNuddelen bei 2.9!!!

And the winner is…