Leider ist der Eintrag nur auf Lëtzebuergesch verfügbar. Der Inhalt wird unten in einer verfügbaren Sprache angezeigt. Klicken Sie auf den Link, um die aktuelle Sprache zu ändern.

(R)Evolution.lu op RTL Telé Lëtzebuerg

Den Olivier Catani huet a sengem Pisa Wëssensmagazin d’Roll vum Fett an onser Ernährung méi genau beliicht. Dobäi goufen d’Kuelenhydrater, virun allem di eidel, méi kritesch ënnert d’Lupp geholl. Am Interview och en Dokter, deen zwar näischt géint Nuddelen a Kären huet, wat en an der Paleo Ernährung awer net esou gär gesäit – well virun allem de Weess mat ville Problemer behaft ass. Mee an der Sendung goung et haaptsächlech em d’Fett an dee Sujet koum ganz gutt eriwwer. Iwwregens: Paleo ass elo och net wierklech eng Fett-Diät mee eng gesond Ernährung am Aklang mat onsere Genen. Kuckt op (R)Evolution.lu regelméisseg eran … oder schreift Iech einfach a mäi gratis Newsletter an. Da gitt Dir regelméisseg méi gewuer.

Fir all déi, déi et verpasst hunn, kee Problem, hei ass nach emol de Link op d’Sendung:

shutterstock_317939384

(R)Evolution