Denken ouni Grenzen

Leider ist der Eintrag nur auf Lëtzebuergesch verfügbar. Der Inhalt wird unten in einer verfügbaren Sprache angezeigt. Klicken Sie auf den Link, um die aktuelle Sprache zu ändern.

Denken ouni Grenzen – net ëmmer esou einfach, oder?

Moien alleguerten

Kennt Dir se och, déi siichtbar, awer virun allem déi onsiichtbar Grenzen deene mir am Alldag ausgesat sinn, déi awer en enormen Impakt op onst Wuelbefannen an ons Gesondheet hunn?

Wéi geet et Iech derbäi?

  • Wann een Iech seet dass Kären (also Brout, Nuddelen, Pizza, Müsli & co) total onnéideg a virun allem terribel ongesond sinn?
  • Wa Leit mat enger Dous Cola a Chipsen am Grapp, zwar iergendwéi wëssen dass et ongesond ass, an dobäi locker-flockeg behaapten: „Vun iergend eppes muss ee jo stierwen“.
  • Wa se nom Prinzip liewen „e bëssi vun allem (also och toxesch Saachen) ka net schlecht sinn“ – obwuel hautdesdaags bal jiddereen op d’mannst een a sengem Ëmfeld huet, deen Diabetis, Kriibs, Iwwergewiicht, Depressiounen oder eng vun deene „modernen Autoimmunkrankheeten huet“?
  • Wann d’Leit alles gleewen wat se an der Press, op Facebook oder an iergend engem Hochglanzmagazin liesen – virun allem wann et se arrangéiert?
  • Wa Mënsche bereet sinn, ze leiden (Honger, ze strikte Programm, ze vill Sport) fir ofzehuelen, och wann et se hir Gesondheet kascht?
  • Wann d’Leit sech léiwer mat de Symptomer beschäftegen wéi mam Ursprong vun engem Problem?
  • Wa Leit, wann iwwerhaapt, maximal eng Generatioun zréck ze denken a mengen, dass se mat der 2.5 Millioune Joren Evolutioun, der Natur an der Déierewelt näischt ze dinn hunn?

D’Lëscht vun den A-Priorien an de falschen Aussoen – och duerch ons „Autoritéiten“ –  déi et am Beräich Gesondheet, Fitness a Gewiichtskontroll gëtt, ass onendlech laang. Se gëtt alldeeglech gefiddert vu Behaaptungen, déi virun allem zanter 60-70 Joer staark verbreet ginn. Entstaane si se vill méi laang virdrun. Duerch den excellente Marketing (inklusiv Lobbying) vun de Liewensmëttel-, Pharma- a Fitnessindustrieën bleiwen ons dës Behaaptungen erhalen, obwuel se ons Gesellschaft lues awer sécher ëmmer méi krank maachen. Déi eng riichten de Schued un, déi aner pechen eng Plooschter drop a wann ee méi genau recherchéiert da stellt een och nach fest, dass se oft an iergend enger Form ënnert enger Decke stiechen.

Wéi et mir derbäi geet?

Ech hunn dëse Blog ugefaangen fir Iech en anert Wësse weider ze vermëttelen. Wëssen, wat net aus iergend enger Copy-Paste Zeitung kënnt oder aus blannem Widderhuelen vu esou genanntem „Allgemengwëssen“ wat hautdesdaags staark duerch d’Industrie an den sou genannten Autoritéite markéiert ass. Wa mer ganz éierlech sinn a ronderëm ons kucke, gesi mir jo selwer, dass un deem „Allgemengwëssen“ iergend eppes net ka stëmmen an dass mir an dem Zoustand an deem der vill vun ons hautdesdaags sinn, keng 2.5 Millioune Joren hätten evoluéiere kënnen. Wien am Geschichtsunterrecht an der Schoul gutt opgepasst huet, kennt an der Reegel déi lescht 5000 Joer – déi sinn awer just e Wimpereschlag am Verglach mat onser Evolutioun.

Dat wat Dir hei ze liese kritt, kënnt aus Fachbicher, Etüden, Formatiounen an enger intensiver Beschäftegung mat de Fakten aus der Biochimie, der Genetik, der Evolutiounswësseschaft, der Archeologie an der Anthropologie. D’Sourcë sinn ausféierlech iwwerpréift an ech liesen aus Prinzip keng populär Lektür vun iergendwelleche Leit déi einfach nëmme gutt kënne schreiwen mee Bicher déi vu Wëssenschaftler, Dokteren, Professeren, Historikerë etc. geschriwwe sinn. A fir ganz éierlech ze sinn: de Schreifstil vun engem Dokter oder engem Professer oder soss engem Wësseschaftler ass seelen agreabel! An da liesen ech och Bicher fir Behaaptungen aus engem anere Buch ze iwwerpréiwen. Dës Etüden a Bicher kommen heiansdo net wäit, well se net iwwert de Marketing a Lobbying Budget vun de groussen Industrië verfügen. Net ze vergiessen, dass ech och aus eegener Erfarung schwätzen, well ech war och eng laang Zäit um Wee vum „Allgemengwëssen“ an hat seriö Problemer mat Gewiicht a Gesondheet.

Tëschent zwee Artikelen leien heiansdo Wochen oder Méint. Dee Rhythmus ass definitiv net ideal – mee tëschent all Bäitrag leien heiansdo bis zu 5 Bicher, déi ech dofir gelies hunn. D’Synthees ass ëmmer erëm eng Erausfuerderung, der ech mech awer gäre stellen.

An elo zeréck zu menger Fro: wéi geet et mir dann elo derbäi?

Et ass eng Mëschung aus enger ganz flotter, intellektueller Erausfuerderung an awer och reegelméissegen Enttäuschungen. Aus Onwëssenheet oder op der Basis vu Gewunnechten, Hallefwëssen an Héiere-Soen gëtt heefeg de Kapp gerëselt an déi natierlech Liewensaart am Aklang mat onse Genen an d’Lächerlecht gezunn. Ee Grond, firwat ech des Liewensaart net ëmmer mam Numm nennen: Paleo oder Primal. Leit, déi sech iwwert meng Kiche freeën, wa se ageluede sinn, mierken emol net, dass se Paleo iessen. Et schmaacht hinnen einfach nëmme gutt an dat mécht mir Freed. Ech si kee Frënd vum Kategoriséieren. Kategorië schränken an. Se stigmatiséieren. Se liwweren de Stoff, fir driwwer ze lästeren. Ech denken net an enger Këscht. A scho guer net, wann et ëm meng Gesondheet geet.

Hand op d’Häerz: wéi ass et mat Iech?

Welch Grenzen stellt Dir bei Iech fest, wann Dir eppes behaapt? Si se beaflosst vun Héiere-Soen, subjektive Quellen (Etüden déi vu Monsanto, Nestlé oder Unilever finanzéiert sinn z.B.) oder aus enger Zeitung, déi op simpelst Aart a Weis hier Säite fëllt fir sech gutt ze verkafen? Wéi sécher sidd Sir, dass Dir e Gedanke bis zu sengem Ursprong verfollegt hutt? An da nach e Schratt méi wäit gitt? An da nach een a nach een… Wéi wier et, wann Dir esouguer Iess-Recommandatiounen aus ëffentleche Quellen (déi „offiziell“ Ernierungspyramid zB) géingt a Fro stellen? Wéi oft hutt dir Iech schon derbäi erwëscht, wéi Dir gesot hut: dat ass eben esou! Dat weess dach all Mënsch. Dat wor nach ëmmer esou. Meng Fro op dee Saz: wat genau ass ëmmer?

Wéi wier et, wann Dir mir géingt dobäi hëllefen, all dës Grenzen ze sprengen? An op ons Gesondheet esou opzepassen wéi wa mer nëmmen eng hätten? Well genau dat ass et: et ass vill méi einfach, virdrun ze iwwerleeën wéi sech op eemol mat engem grousse Problem mussen ze beschäftegen.

Schreift mir Är Success Geschichten! Stellt mir Är Froen! Fir spezifesch Froen kann ech Iech oft dat passend Buch recommandéieren. Limitéiert Iech op kee Fall op dat, wat d’Industrie, d’Press an – jo – esouguer déi ëffentlech Instanzen Iech liwweren – déi einfach Äntwerten leien an onser Evolutioun, also onse Genen an an der Natur. Virausgesat, se bleift ons erhalen.

D’Buchrecommandatioun vun dësem Dag ass:

Fir all déi, déi et genau wëlle wëssen:

  • Wou mir wierklech hierkommen
  • Welche Wee mir an 2.5 Millioune Joren zréck geluecht hun
  • Wat dozou gefouert huet, dass mir un d’Spëtzt vun der Liewensmëttelkett avancéiert sinn
  • Firwat a wéi déi sozial, religiéis a politesch Strukturen entstaane sinn
  • Firwat Kricher entstinn
  • Firwat mir zu esou vill sinn
  • Wéi sech d’Welt duerch ons verännert

D’Geschicht vun der Mënschheet – intelligent, spannend an wonnerbar neutral vun engem aussergewéinlechen Historiker geschriwwen!

Eng Flichtlektür fir all déi, déi net wëllen domm stierwen.

PS: An alle Sprooche disponibel, déi mir hei zu Lëtzebuerg geléiert hunn.