Et kënnt Bewegung an déi wichteg Themen ronderëm den Zocker an d’Fett. 

Et ginn ëmmer méi Leit déi sech fir gesond Ernährung interesséieren. Läit dat éieren dorun, dass d’Gesellschaft ëmmer méi krank gëtt? An dat trotz enger besserer medizinescher Versuergung… Déi offiziell Liewensmëttelpyramid un déi mer ons sollen halen gëtt ëmmer méi oft kritesch hannerfrot. Kee Wonner also, dass dee wichtege Sujet vun onsem nationale Sender RTL Telé Lëtzebuerg opgegraff gëtt.

Normalerweis recommandéieren ech jo léiwer Bewegung wéi d’Inertie virun der Telé.

RTL

A scho guer net elo, wou d’Fréijoer mat grousse Schrëtt op ons zoukënnt…

Haut maachen ech eng kleng Ausnahm … an eegener Saach. Mam praktesche Rediffusiouns-System vun RTL kenne mer d’Sendung kucken, wa mir onse Sport gemaach hunn … 😀 A noutfalls jo och an hirer Mediathéik. Den Olivier Catani weess vu menger Begeeschterung, Experienz a Formatioun a Sachen Paleo a Primal Nutritioun. Hie wor bei mir op Besuch fir den nächsten Pisa Wëssensmagazin op de Wee ze bréngen.

Den 1. Mee wor et esou wäit: (R)Evolution gouf am RTL Pisa Wëssensmagazin presentéiert!

An dëser Emissioun goung et zwar och em d’Paleo-ernährung. Mee am wichtegsten wor de Stellewäert vun de Fetter op onsen Telleren. Kuelenhydrater ënnen, Fett uewen? Et ginn duerchaus schonn Dokteren, déi confirméieren dass déi offiziell Liewensmettelpyramid, längst widderluecht ass. D’Fetter verdéngen e bessere Stellewäert a mir konsuméieren vill ze vill Zocker, inklusiv Kuelenhydrater. Zousätzlech bewege mir ons och nach vill manner. En Däiwelskrees!

An deem Reportage preparéieren ech ënner anerem och e klenge Plat. Mat 550 Kalorien pro Persoun: 50 gr. gesond Fetter, 8 gr. Kuelenhydrater an 33 gr. Proteinen. Mat Ballaststoffer, vill Vitaminnen a Mineralien. Mat näischt dran, wat de Kierper net kennt, well alles aus der Natur kennt a net vun der Industrie verschafft gouf.

An dat ganzt op der Basis vun enger Spezialitéit fir déi elo d’Saison ufänkt. Den nächste Besuch um Maart kann also kommen!

Méi gëtt elo mol nach net verroden…. 😉

Rendez-vous wor den 1. Mee op RTL Télé Lëtzebuerg. Hei fannt Dir de Reportage awer emmer!

shutterstock_374873200-2

Ech freeë mech op Iech!

One thought on “(R)Evolution am Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg

  1. Ech breicht ähr helef weil gähren offhuellen
    Mein numm ass zinnen carole 37 joher 1,74cm grouss an 108 kg
    Sin opreiert mam gastrique baypass hun schuddrüsen problemer an lactosen intollerant währ freu kennen eng helef vun ärch ze kreien

Comments are closed.