“Wann Dir keng Zäit hutt, fir ze liesen, dann hutt Dir och net d’Zäit (an d’Méiglechkeeten) fir ze schreiwen. Ganz einfach.” ― Stephen King

Moien!

Ech freeë mech terribel, Iech an dëse puer Zeilen matzedeelen, wat an de leschte Méint hei alles esou geschitt ass a firwat Dir esou wéineg vu mir, mat Ausnahm vun e puer wichtegen Posten vun anere Bloggeren op Facebook, héieren a gelies hutt.

img_0118

Fir d’alleréischt ass et esou, dass ech alt nach e puer Bicher duerchknat hunn, mat ville wäertvollen Informatiounen an Ureegungen déi ech Iech well mat op de Wee ginn. Et ass esou vill lass a mengem Kapp, dass et demnächst eraus muss – freet Iech also schonn op e puer wäertvoll Informatiounen an den nächsten Méint.

Wann ee sech net heiansdo selwer a Fro stellt, da bleift een op der Platz stoen.

Dofir hunn ech eng Kommunikatiouns- a Marketing Firma engagéiert, fir mäi Blog ze dynamiséieren. Ech géing mäi Contenu gären esou einfach, flott an interessant gestalten wéi et nëmme geet – fir dass d’Energie, déi dra stécht, och genau esou bei Iech ukënnt. An den nächsten Wochen wäert Dir hei e puer Verännerunge gesinn, esou wuel um Site selwer, wéi och bei mengen aneren Kommunikatiouns-Weeër a Presentatiounen an Depliant’en. Ech sinn ESOU dankbar dass ech dee Schratt gaange sinn: e Blog eleng um Liewen ze halen – mat esou engem komplexen Contenu an nieweberufflech – ass net einfach an et war einfach un der Zäit, fir professionell Hëllef unzefroen. Dat ass meng perséinlech Äntwert op d’Fro: gutt, oder guer net!

Zousätzlech dozou hunn ech decidéiert, mäi Wëssen zum Thema Primal Liewen an dynameschen Workshopen mat Iech ze deelen – an zwar an Zesummenaarbecht mat OUNI, deem éischten an eenzegen Bio-Buttek ouni Verpackungen hei zu Lëtzebuerg. Hire Konzept passt esou gutt bei dat, u wat ech gleewen, dass eng Kooperatioun fir mech selbstverständlech an di natierlechst Saach vun der Welt war. D’Tatsaach, dass se och nach genau vis-à-vis vu mengem Doheem opmaachen war do jo scho bal esou eppes wéi en Zeechen. Ech freeë mech terribel op des Partnerschaft. Fir Iech, léif Lieser, ass dat elo also eng wonnerbar Geleeënheet fir vun dynameschen Presentatiounen a Workshopen ze profitéieren a gläichzäiteg e flotte Buttek ze entdecken. Dat bescht ass: meng Workshopen sollen dynamesch sinn: Stellt Är Froen zum Thema Paleo a Primal Liewen am Virfeld per Mail an ech bauen d’Äntwerten a meng Presentatioun an – an zwar total anonym. Esou brauch keen sech ze genéieren a gëtt awer alles gewuer, wat e well wëssen. Déi éischt Datume stinn och scho fest: Kuckt einfach op hiren event calendar oder schéckt mir e Message. Mir freeën ons, Iech demnächst an dësem aussergewéinlechen Buttek kënnen ze begréissen. Inklusiv déi eng oder aner Iwwerraschung!

 

Dat Bescht zum Schluss:

“Happiness is when what you think, what you say, and what you do are in harmony.” ― Mahatma Gandhi

Ech hunn et virdrun mentionnéiert: e Blog ewéi dësen, mat esou engem komplexen an seriéisen Inhalt (konstant Recherchen, Liesen, kritesch Denken, extern Informatiounen a sech selwer permanent a Fro stellen…) erfuerdert vill Energie an Zäit an ass net einfach. Wann en och nach “just” nieweberufflech gemaach gëtt an een en Haaptberuff huet, deen vill vun engem fuerdert, fillt ee sech permanent schëlleg. Déi, déi mech kennen, wëssen, dass ech ëmmer alles zu 100% maachen – ech sinn en “Alles oder Näischt”-Mënsch. Gläichzäiteg weess ech awer och, dass ech kee Roboter sinn an dass d’Gesondheet och dovunner ofhängeg dovunner ass, wéi léif ee mat sech selwer ass. Work-Life Balance ass en wichtegen Thema an eng Erkenntnis aus Erfahrungen, déi ech keng 2. Kéier wëll maachen.

Zäit kann een net zweemol benotzen

Dës Gedanken hu mech elo méintlaang beschäftegt an ech sinn zu der glécklecher Konklusioun komm dass ech – vum 1. Januar 2017 un – mäin Haaptjob op 80% wäert reduzéieren an de Rescht vu menger Zäit an den Déngscht vun dëser Aktivitéit stellen. Et war keen einfache Schratt mee fir mech ass et de richtegen. Ech sinn elo op d’mannst 1 Dag an der Woch JUST mat dësem Blog, sengem Inhalt, de Workshopen, E-booken etc. beschäftegt. An deen Dag dann och zu 100%. Nach eng “richteg oder guer net” Decisioun an ech kann Iech verséchere: se mécht mech aussergewéinlech glécklech!

Also: bleift bei mir, ech war net entschlof mee …. hu vill gelies, nogeduecht a schlussendlech decidéiert. 

 

“If you trade your authenticity for safety, you may experience the following: anxiety, depression, eating disorders, addiction, rage, blame, resentment, and inexplicable grief.” – Brené Brown

rules