Wéi hutt Dir dann Är Chrëschtdeeg verbruecht?

Roueg oder hektesch? Mat vill Kaddoen oder ganz einfach a relax? Hutt Dir vill ze vill giess a frot Iech elo, wéi Dir erëm zu Ärer Energie a Wuelbefanne kënnt zréck fannen?

Wéi wier et mat e puer Stonnen am Bësch?

Ootmen. Ofschalten. Einfach nëmmen trëppelen an de Moment genéissen. Kee Stau, keng Hektik, keng kënschtlech Beliichtung, kee Kaméidi, keng Reklammen, keen Handy. Et sicht een do och net laang no engem Parking, wann ee net ze Fouss oder mam Vëlo oder mam Zuch dohinner kënnt.

Einfach emol kee Stress.

De Bësch deet der Séil gutt, kascht näischt, ass ëmmer fir ons do. Dat wat mir am Bësch kréien, fënnt ee fir kee Geld vun der Welt an engem Buttek oder an engem Wellness Center.

Déi puer Stonne kënne mer entweder dozou notze, komplett ofzeschalten, net nozedenken a ons vollstänneg op ons selwer an onse Kierper ze konzentréieren. Wéi fillt sech onse Kierper un? Si mir fit oder awer vläicht e bëssi ausser Otem wa mer grad biergop ginn? Kënne mir mat zwee Féiss op dee Steen do hopsen? Oder hei ënnert deem ëmgefalle Bamstamm drënner erduerch krauchen? Ons mat Eleganz bécke fir e schéinen Dännenzapf opzerafen? Oder iwwert dee risege Pull do an der Mëtt vum Wee sprangen? Oder carrement iwwert déi kleng Baach dohannen? Deet eppes wéi? Oder fillt sech dat alles liicht a normal un?

E Réckbléck

Nodeems mir e bëssi esou ofgeschalt hunn, kënne mir elo och d’Joer gemitterlech Revue passéiere loossen an ons froen, wat mir nächst Joer wëlle besser maachen. Fir ons, fir ons Frënn, Famill a virun allem fir ons Ëmwelt. Ouni Zwang an ouni sech oder anerer ze culpabiliséieren. Et ass villes geschitt: Naturkatastrophen, Wiederkapriolen, en Donnerwieder op der Bourse trotz ofgebremstem Konsum-Wahnsinn, Aartestierwen a natierlech onse permanente Stress, deem mir ausgesat sinn, fir ëmmer méi zu deem Wuesstem, deen eigentlech alles zerstéiert, musse bäizesteieren.

Gläichzäiteg bemierkt een awer och e vill méi e grousse kollektive Bewosstsinn doriwwer, dass mir onbedéngt eppes mussen änneren. An dass mir eigentlech villes esouguer scho selwer kéinte maachen. Och wa mir selwer net un allem schold sinn wat schif leeft. An eigentlech och ouni eng europäesch Direktiv déi ons Schalimoen, Plastikstute oder vläicht och emol Dieselautoe verbitt. Ouni ofzewaarden dass en aneren ufänkt fir sech deem dann unzeschléissen. Well mir jo en “Häerdendéier” sinn a net opfale wëllen an och well mir schliisslech net eleng op onse Luxus verzichte wëllen. Eigentlech…

Alles matenee verbonnen

Ech sinn der déifster Iwwerzeegung, dass alles, jo wierklech alles, eppes mateneen ze dinn huet. Dat wat mer iessen, wéi mir ons (ëmmer manner) beweegen, wéi mir onst Iessen zoubereeden a mat welche Boboe mir herno bei den Dokter oder an d’Apdikt oder en Heelpraktiker lafe fir déi Boboen ze eliminéieren. Mir sinn et gewinnt, dass ons déi gebroden Dauwen an de Mond fléien, dass mir alles praktesch op den Dësch geliwwert kréien an dass mir glat a guer näischt dofir musse maachen. Nëmmen nach aus dem Plastik oder Kartong auspaken an erof domadder. An esou hunn dem Noper säin Diabetis, dem Aarbechtskolleg säi Réckewéi, dem Kolleg seng puer Kilo méi op der Wo an der Mamm hir Osteoporos an esouguer verschiddene Bekannte hire Kriibs, hir Depressiounen an Autoimmunkrankheeten heefeg ee gemeinsamen Nenner: onsen Ëmgang mat ons selwer, mat onser Ëmwelt an onsem Iessen.

Mir verbréngen déi éischt Halschent vun onsem Liewen domadder, ons Gesondheet ze ruinéieren fir déi Suen ze verdéngen déi mir herno brauchen fir Krankheeten ze bekämpfen. Stress an Hektik a Relatioun mat enger net aartgerechter Beweegung: de ganzen Dag sëtzen, Autofueren… fir dann Owes am Fitness säi schlecht Gewëssen op enger Maschinn lass ze ginn …. dat Ganzt an engem Cocon aus Komfort a Sécherheet. Getréischt gi mer mat sënnlosem Konsum. De Präis dofir bezuele mer längst scho net méi eleng, mee ons Ëmwelt an d’Kanner vun dëser Gesellschaft.

2019

Wéi wier et, wa mir ons einfach komplett nei géingen organiséieren?

Wat, wann dee “Verzicht” vun deem ech virdru geschriwwen hunn, eigentlech e Gewënn wier? E Gewënn u Gesondheet, Wuelbefannen, Nohaltegkeet a Fräiheet? Dat eenzegt, wourop ech an de leschte Joren mat der Astellung verzicht hunn, waren déi puer Kilo ze vill op der Wo a meng sëllech Boboen. Ech hat dofir ronn 6 Méint gebraucht an all Joer koumen nach e puer Verbesserungen derbäi. Virun e puer Joer hätt ech mir net kënne virstellen wéi gutt et mir kéint goen.

Onst Iessen an onst Gedrénks kennt schonn zanter Millioune Joren aus der Natur an deemno och ouni Verpakung. Sammele beim Bauer geet mat just engem Kuerf. Beim (BIO!) Metzler gëtt d’Fleesch net sous-vide am Plastik ageschweesst mee a Pabeier agewéckelt. Ëmmer méi Butteker, national an international, bidden Nëss an ähnleches “en vrac” un. Villes dovunner ass bei wäitem net perfekt, mee et mierkt een awer plazeweis, dass sech eppes deet.

Sammelen … en Erliefnis

Akafe kann tatsächlech erëm zu engem Erliefnis ginn: andeems mir bei echte Bauerebetriber, kooperativ Gäert oder schéine Mäert erëm de Kontakt kréie mat Mënschen, déi dovunner liewen, fir ons hiert Geméis an Uebst zur Verfügung ze stellen. Wann ee wierklech keng Zäit huet: et gi Formullen, wou een sech eemol an der Woch kann e Kuerf heem bestelle loossen oder e siche goen. Eng “Paleo” Spaghetti zoubereeden dauert manner laang wéi eng Nuddels-Spaghetti. Se kënnt net am Plastik a liwwert wäertvoll Vitaminnen a Mineralien. Et kritt ee manner eidel Kalorien an et ass een deemno méi laang zefridden an och nom Iessen nach fit – esouwuel mental wéi och physesch. Wéi schéi wier dat, wann d’Leit den Terrain dee ronderëm hiert Haus oder hir Residenz iwwreg wier, net méi géinge mat Betoun, Steng oder engleschem Wues platt walzen mee do erëm géife selwer Kraider, Zalote, Geméis, Blummen, Nossbeem/-hecken an Uebstbeem uplanzen? Wéi flott wier et wann ee kollektiv – ouni Näid – kéint dovunner profitéieren? Wat géingen d’Beie soe vu Gléck? Wa mir ëmmer drun denken, dass déi Iess-Saachen déi eng unzéiend Verpakung brauche wou “gesond”, “licht” oder soss eppes drop steet eigentlech genee de Contraire vu gesond sinn (soss bräichten se dee Marketing jo net), da fält et ons nächst Joer vläicht net méi esou schwéier, drop ze verzichten.

Beweegung am Alldag

Mir trëppelen erëm. Mir droen erëm eppes heem. Waasser muss och net aus der Plastiksfläsch kommen. Onst Krunnewaasser ass total an der Rei, noutfalls kann een sech et awer och filteren oder sech e appetitlechen Téi draus maachen. Wann ee säi Waasser léiwer aus Glasfläschen drénkt: wonnerbar, dann huet een och nach eppes fir seng Fitness gemaach wann ee se heem oder op den zweete Stack dréit. Ouni de Lift ze huelen, versteet sech. Wéi wier et, wa vun elo un jiddereen fir Distanze vu bis zu 5-10 Kilometeren géing entweder goen oder de Vëlo huelen an den Auto am Garage géinge stoe loossen? Wéi schéin wier et erëm an onse Stied mat manner Autosgestank a -kaméidi a Parkingstress? Wéi frou wieren déi kleng Epicerien an der onmëttelbarer Noperschaft, wa jiddereen vun dem Gedanken alles “am groussen” anzekafen, géing lassloossen a just dat mat heem bréngt wat e selwer packt?

Saisonal Gedanken

Wa mir ëmmer drun denken, dass et am Wanter keng Bounen hei gëtt, et sief dann et huet een am August dru geduecht, se anzefréieren, da keeft deemnächst och kee méi Bounen aus Kenia fir eng Bouneschlupp ze maachen. Villäicht bräicht déi iwwer-iwwer-nächst Generatioun sech dann och net méi iwwert Klimaerwiermung Gedanken ze maachen. Et ass ee nämlech mat all Schratt ewech vun onser lokaler Offer vun der Natur selwer un deem Mëssel bedeelegt, och wann een de Fliger net selwer geflunn huet.

Mam gudde Beispill vir

Wéi wier et, wa mir 2019 einfach nëmme géinge probéieren, an deene Saache ausnamslos mam gudde Beispill virzegoen, amplaz drop ze waarden dass aner Leit et fir ons decidéieren, ons Gesondheet ons e Stréch duerch d’Rechnung mécht oder ons Kanner soen dass et esou lues duergeet mat dem ganze Knascht dee mer hinnen hannerloossen? Ech selwer hu scho vill geännert mee et feelen nach e puer Saachen déi ech dat nächst Joer elo och nach wäert attackéieren.

Paleo Buch Luxembourg

Dëst Joer hunn ech komplett an den Déngscht vu mengem Buch “Paleo” gesat, wat wäit méi ass wéi e simpelt Buch iwwert Jeeër a Sammler Ernierung. Et geet em e Liewen am Aklang mat der Natur an onse Genen. Ech vermëttelen hei net nëmmen mäi Wëssen zur Genetik, Biochemie, a Paleontologie. Ech liwweren och Ureegungen wéi mir an dëser moderner Welt erëm aartgerecht liewen an iesse kënnen, esou nohalteg wéi méiglech an dat alles mat Lëtzebuerger Adressen. Et goung mir drëm, ze weisen dass et – egal wat ee sech wënscht – méiglech ass: eng besser Gesondheet, eng besser Fitness, manner Knascht, méi Beweegung …. well ech hunn et selwer gemaach an erlieft. Well ech ëmmer weider an déi Richtung ginn, hunn ech awer och nach deen een oder anere Chantier bei mir entdeckt an déi kommen 2019 un d’Rei.

A wéi ass et bei Iech?

Ech soen Iech Merci dass Dir mech ëmmer erëm hei op menger Facebook Säit R)Evolution besiche kommt a meng Artikelen, respektiv déi aner Artikelen déi ech mat Iech deelen, liest.E gudde Rutsch an e schéint neit Joer 2019.

Nathalie

R)Evolution