Kommt no engem Regime irgendwann erëm do un, wou dir ugefaangen hat, oder esouguer nach méi schlëmm?

Hutt Dir och schonn deen een oder aneren “Wonner-Regime ausprobéiert? 

Kennt Dir Iech drun erënneren, wéi Dir Iech bei dëse “Wonnerkuren” gefillt hutt?

Hutt Dir geduecht, dass déi Qual eben de Präis ass, deen ze bezuelen ass?

Kritt Dir och gesot, dass Dir Iech einfach nëmme méi sollt bewegen?

shutterstock_268304246

Zielt Dir Kalorien?

Mengt Dir och, Fett géing fett maachen?

Sidd Dir och dovun iwwerzeegt, dass Uebst-Jus a Käre méi gesond si wéi Eeër mat Speck?

Wierklech???

Wann Dir op déi eng oder aner Fro mat engem JO geäntwert hutt, da sidd Dir net alleng! Dat ass verständlech: aus den offiziellen Medien kréie mir kaum aner Informatiounen. Et gehéiert zum “Allgemengwëssen”, dass Fett deck mécht, dass Käre gesond sinn an dass ee vill a regelméisseg Sport muss dreiwen fir gesond ze sinn. Nach ni stoungen ons esou vill Méiglechkeeten zur Verfügung: Light-Produit’en, Biobutteker, Fitness-Studio’en an esouguer Wonnermëttelen aus der Apdikt.Wann dat alles esou géing stëmmen, wéi kann et da sinn, dass d’Mënschheet, virun allem déi an de sou genannten Industrielänner, nach ni esou deck an onfit wor wéi haut?  Wéi kann et da sinn, dass d’Chiffren déi regelméisseg vun der WHO publizéiert ginn, a Punkto metaboleschen Syndrom, nei Krankheeten etc. ëmmer méi alarmant ginn, esouguer bei Kanner? Mir ginn zwar méi al, awer de Präis dee mer dofir bezuelen ass immens héich.

 shutterstock_116261638

 

“Déi rengste Form vu Geckegkeet ass déi, ëmmer erëm dat selwecht ze maachen, sech dobäi awer all Kéier en anert Resultat ze erwaarden.”

Albert Einstein

Wéi wier et also mat engem Perspektivewiessel?

shutterstock_170465729

“Et kann ee seng Problemer net léisen, wann dat op der Grondlag vun de selwechten Gedanken geschitt, déi zu de Problemer gefouert hunn.”

Dese Blog weist Iech d’Alternativ: e gesonden Gewiichtsverloscht ouni ze leiden. Hei:

  • Fannt Dir Informatiounsmaterial dat Iech wäert hëllefen, dat konventionellt Denken a Fro ze stellen an ze (R)Evolutionéieren.
  • Erhaalt Dir Erklärungen, Beweiser, Dokumentatiounen a Resuméen aus Bicher, Studien a Virliesungen, déi Iech weisen, dass mir um falsche Wee sinn an dass et e Versuch wäert ass.
  • Kritt Dir déi néideg Motivatioun, fir net nëmmen a Punkto Gewiicht dat richtegt ze maachen, mee virun allem fir Är Gesondheet.

Hei geet et net drëm:

  • Iech e Regime ze proposéieren, well den Primal/Paleo Iess-Stil ass kee Regime.
  • Iech industriell Liewensmëttele ze verkafen well alles wat Dir braucht, fannt Dir an der Natur.
  • Iech medizinesch Hëllef ze ginn, well ech si keen Dokter.

 Hei gitt Dir gewuer:

  • Wéi Dir des nei Liewensastellung kennt an Ären Alldag integréieren.
  • Wéi Dir kennt Primal liewen ouni dass Äert soziaalt Ëmfeld dorënner leide muss .
  • Wéi Dir dëse Changement och laangfristeg kennt realiséieren.

Scho no 21 Deeg spiert Dir e positiven Afloss op:

  • Är Gesondheet.
  • Är Fitness.
  • Är Kraaft.
  • Ären Immunsystem.
  • Äre Schlof.
  • Äert Gewiicht.

Hei fannt Dir eng Nei Zort vu Fraiheet fir Iech: wäit ewech vun der Ernährungs- a “Gesondheets”-Industrie

shutterstock_303723392

Ech hunn d’Rees fir Iech gemaach…

Dofir weess ech och, wéi schwéier et ka sinn, den alldeeglechen Tentatiounen aus dem Wee ze goen. Vläicht sidd Dir am Moment nach zockersüchteg, leptin- oder insulinresistent. Am Ament zweiwelt Dir sécher och dorunner ob et des Kéier wierklech soll fonctionnéieren. En plus, musst Dir dat sou genannten “Allgemengwëssen”, also déi konventionell Theorien a Fro stellen. Dir wäert Iech enger gewësser Dosis Spott an der Skepsis vun Ärem Entourage aussetzen, déi mengen, dat wier alt erëm esou en neien, modernen Trend deen näischt daacht. An Dir wäert ëmmer erëm Artikele fannen, wou nach di “konventionell” Recommandatiounen drastinn an déi ëmmer erëm wäerten fir Konfusioun suergen. Ganz oft hëlleft et awer, sech de Sponsor vun deenen Etüden unzekucken, da wësst Dir Bescheed. Ech kennen d’Excusen wann et net esou klappt wéi gewënscht, virun allem a schwaachen Amenter: “Ech sinn ze schwaach. Ech hu schlecht Genen. Ech si süchteg op chronesche Sport. Ech brauch moies meng Schmier. Ech hu keng Zäit. Et ass deier. Et ass komplizéiert…..”

Déi schlecht Noriicht

Alles, wat Iech un allgemengem “Wëssen” a punkto Ernährung virläit muss a Fro a vläicht komplett op de Kapp gestallt ginn.

Déi gutt Noriicht

Dir hutt näischt ze verléieren! De Status Quo ass bekannt an Dir wesst, dass do eppes net stëmmt.

Losst ons also lassleeën!

Hei klicken fir perséinlech Informatiounen an/oder Berodung.

8 thoughts on “Gehéiert Dir och zu deene Leit, déi regelméisseg “e bëssi Regime musse maachen?

  1. Génial !! votre blog est génial, merci de diffuser de VRAIES infos, elles sont si rares et tellement étouffées par les lobbies et autres théories boiteuses !!!
    Je partage sur ma page Facebook, car quand j’ai ce genre de discours auprès de mes proches, je ne suis jamais prise au sérieux. Si mes propos sont relayés et confirmés par les vôtres, peut-être qu’ils auront davantage de crédibilité à leurs yeux…
    Merci en tout cas, car en plus j’e apprends davantage en vous lisant.

  2. Metteg, wei geseit et aus mat der ernährungsform wann een morbis crohn an polyathritis( weichteilrheuma) huet!
    Hun mat 36 joer no der 1 schwangerschaft 146 kg hat firdrun mam medi xenical 36 kg an 6 meint ofgehol an hun missen ophalen duech ssw, hat an 5 meint rem alles zougehol an zum schluss 146 kg!
    Krut meng schong net mei gestreckt war deck a nach meih fett!
    Hun mech dun mam dokter entschloss eng mopverklengerung ze machen waat no 10 joer e minus fun 31 kg bruecht huet sin lo em 110-118 kg schwanken ech bei 176 cm.
    Hun mettlerweil 2 kanner
    46 joer an um verzweifelen!

  3. Moien, main numm ass conny an weilt o gär eps änneren… Mais ech well eps fannen wat an den alldaag passt, an Är Methoud gefällt mer ganz gud.
    Dofie wollt ech gär mei Infos kreien, wei dat fonktionneiert an wat een na sou mecht.
    Merci

    1. Ech breicht ähr helef
      Mein numm ass zinnen carole hun 37 joher sin mam gastriquebaypass opreiert hat 128kg an elo sin ech ob 108kg weilt gähren off huellen an breicht dann ähr helef w.e.g

      1. Mir kennen daat ganz gären zesumme kucken. Merci fir Är Ufro. Ech sinn allerdings am Ament an der Vakanz a kommen den 9.5. erem. Ech melle mech da wann ech erem zu Lëtzebuerg sinn. 🙂

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *