happiness

Haut sin ech e Primal Blueprint Certified Expert

Dat wor awer nach laang net ëmmer esou!

Ech hunn esou laang mat mengem Gewiicht gestridden, dass ech scho bal vergiess hunn, wéini et eigentlech ugefaangen haat. Ech huelen un, dass d’Fundament iergendwou an der Kandheet geluecht gouf. Deemols gouf et nun emol Brout, Gebeess, Schockelasbotter, Cornflakes & Co, Müsli, Schocki, Geméis aus der Bëx, Limonaden, Nuddelen, Zoossen, Fritten… Industriellt Iessen, dat versprach huet, dass d’Liewen elo vill méi praktesch a méi schnell wäert fonctionnéieren wéi fréier. Mat deem Kascht gouf een allerdings just op Zocker konditionéiert … wat deemools natierlech kee wosst. Bon, vläicht meng Bomi, déi nach regelméisseg Geméis aus dem Gaart op den Teller bruecht huet an méi wéi eemol de Kapp gerëselt huet bei esou vill moderne Saachen. Mee et wor nun emol esou: Elteren déi allen zwee vill geschafft a sech keng Gedanken doriwwer gemaach hunn, am Vertrauen dorop, dass dat waat um Pak steet, schonn iergendwéi richteg ass. Als Teenager wor ech op emol net méi zefridden mat mengem Kierper, dobäi wor et deemools nach guer net dramatesch … mee awer Limite genuch, fir main “éichte Régime” ze starten.

D’Odyssee

Ouni et ze wëssen, hunn ech mat der Décisioun déi richteg Katastrof a Gang gesat. Ech hat keng Ahnung iwwer hormonell a biochemesch Prozesser am Kierper. Ech hunn dat gemaach, wat praktesch all Mënsch deemools gemaach huet an meeschtens haut nach mécht: Kee Fett méi, méi Kuelenhydrater, e bëssi Fleesch. Wéineg Eeër. Dernieft ëmmer vill (ze vill) chroneschen an excessiven Sport. Déi haartnäckeg Disziplin gouf awer heiandsdo duech Verletzungen oder Stressphasen (Aarbecht, Privat) ënnerbrach. An der Zäit hunn ech meeschtens alles erëm bäigeholl a bei all Aller-Retour koumen als Extra Bonus esouguer e puer zousätzlech Pond derbäi. Et wor en Däiwelskrees aus Honger, excessivem Sport, erëm bäihuelen an erëm vu vir ufänken. Alles wat ech domat erreecht hunn, wor d’komplett Zerstéierung vu mengem Stoffwiessel, well: all Regime, egal wéi harmlos en och ass, dreift ee méi déif an den Ofgrond, aus deem ee sech laangfristeg muss erausbuddelen.

Et huet awer geklappt

Irgendwéi… Meeschtens wor ech tatsächlech schlank. Vun allem iessen awer ni ze vill. A scho guer net vill Fett. Dat wor meng Devise. Ech kenne praktesch d’Kalorienunzuel vun all Liewensmëttel. Heiandsdo wor ech esouguer esou extrem, dass ech ze vill dënn wor. Et wor JUST eng Fro vun Wëllen an Disziplin, Selbstgeisselung. Mat Leiwensqualitéit, Freed um Iessen a virun allem Gesondheet hat daat näicht ze dinn. Mai Liewen gouf diktéiert vum Kalorienzielen, Lafen bis zum Marathon an éiweger Selbstkontroll. Ophalen wor keng Optioun. A wann ech et awer gemaach hunn da krut ech ganz schnell d’Rechnung présentéiert. Et gouf eng Phase wou et berufflech zimlech stramm ginn ass a meng Prioritéiten verrëtscht sinn. Keng Zäit méi fir mech an eng deck Portioun negative Stress derbai …  iergendwann krut ech e Warnschoss vum Dokter: ech wor > 100 Kilo schwéier, esou vill wéi nach nie … hat innerhalb vun denen 2 Stress-Joeren 30 Kilo bäigeholl an hat gesondheetlech Problemer déi direkt domat verbonne woren: héije Bluttdrock, schlecht Bluttwäerter, Kuerzotmegkeet, schlechte Schlof. Vun der Doktesch krut ech en Tuyau, deen alles verännert huet: waat, wann et net d’Fett wier, mee den Zocker an d’Kären? An eng Buchrecommandatioun, déi alles a Gang gesaat huet. Dat wor de Moment wou ech decidéiert hunn, ëmzedenken. An zwar vu Grond op.

D’Erléisung

shutterstock_303723392

Zanter Januar 2012 interesséieren ech mech emmer méi fir den Primal Liewensstil. Ugefangen huet et mat “Low Carb, high Fat”, also enger Ëmstellung op méi Fett an manner Kuelenhydrater. Vum 1. Januar bis Enn Mäerz dat Joer wore ruckzuck 10 Kilo fort. En plus, ouni hongereg ze sinn. Gläichzäiteg hunn ech gemierkt, wéi d’Energie zréck koum. Ech krut Loscht, mech erëm ze bewegen. Ech sinn esou rapid méi staark a fit ginn, dass esouguer den Trainer gestaunt huet. Dës Kéier wollt ech awer net erëm iergend eppes maachen, just well et kuerzfristeg fonctionnéiert. Dës Kéier wollt ech verstoen firwat et esou gutt geklappt huet a wat am Kierper genau passéiert, virun allem well et de Contraire ass, waat Jenni a Menni verzielt.

Schliisslech ass et genau de Contraire vun deem, wat mir dauernd gesot kréien oder liesen.

Esouguer haut, wou et duech sérieux Studien déi keen Sponsor aus der Liewensmettel- a Pharmaindustrie am Rëck hunn, längst widerluecht ass, gëtt ëmmer nach vum Kalorienzielen an dem béise Fett geschwat…. Ech hunn ee Buch no dem anere verschlongen, wëssenschaftlech Etuden duerchgeschafft bis dass ech se verstanen hunn an den Thema dann och nach  studéiert. Am Februar 2015 krut ech dunn den Zertifikat “Certified Primal Blueprint Expert”. Hei sinn ech: esou gesond a fit ewéi nach ni. Ouni chronesche Sport. An zwar mam theoreteschen an dem praktesche Bagage, fir Iech dat Wëssen weider ze ginn.

Ech halen Iech hei um Lafenden: hei fannt Dir Bicherrecommandatiounen, Etuden, Videoen, Rezepter oder interessant Experienzen déi Iech wäerten dobai hëllefen, Är Positioun ze iwwerdenken. Hei fannt Dir am Laf vun der Zäit alles wat Dir dofir braucht.

Merci fir Äre Besuch op mengem Blog a wann Dir Loscht hutt, mech mat Froen ze kontaktéieren, da kennt Dir dat hei maachen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *