Et kann een et einfach net oft genuch widderhuelen: Primal Iessen ass kee Regime!

 

Sech Primal oder Paleo (wat net genau dat selwecht ass!) ze ernähren, bedeit just, dass een echt Liewensmëttel zou sech hellt, mat Betounung op ECHT.

Et ass eng natierlech Ernährungsform  am Aklang mat onser mënschlecher Genetik.

D’Evolutioun vum Liewen op dëser Äerd ….

skulls

…. ass ongeféier 2,5 Millioune Joer al an ons mënschlech DNA (also déi vum Homo Sapiens) existéiert zënter ongeféier 160.000 Joer.  An der Zäit hu “mir”, also ons Urahnen am Sënn vun der mënschlecher Evolutioun, vum Sammelen a vun der Juegt gelieft. Et goufe weder Stied, nach iergendwellech Usiidlungen. Et gouf just d’Natur an e puer Exemplairen vun deenen, déi sech spéider mol zu deene Mënsche sollten entwéckelen, esou wéi mir se haut kennen. D’Liewe wor deemools extrem geféierlech: e verstauchte Fouss gouf do zu enger quasi déidlecher Verletzung, well ee sech engersäits net méi op d’Sich no Iesse konnt maachen an anerersäits och nach zu enger liicht Beut fir ons natierlech Feinde gouf. Deemools goufen et nach Déieren, déi ons relativ appetitlech fonnt hunn, wéi zum Beispill den oft zitéierten Säbelzahntiger, Bieren oder aner grouss Raubdéieren.  Dëst, an och eng héich Kannerstierflechkeet sinn d’Haaptgrënn fir déi relativ niddreg duerchschnëttlech Liewenserwaardung, déi vun de Paleo/Primal Skeptiker ganz oft an de Raum geheit gëtt. E minimale Fehler, wéi eben de verstauchte Fouss oder een Ament net opgepasst, an da wor ee fort. Hautdesdaags verbréngt een e puer Stonnen am Spidol an dann ass et an der Rei.

 

“Mir” existéieren  op der Basis vum “survival of the fittest”.

shutterstock_264117569

Nëmmen déi stäerkst, schnellst a gesondst Exemplairen vun ons hunn des rau Zäiten iwwerhaapt iwwerlieft. Archeologesch Ausgruewungen beweisen: déi, déi e gewëssen Alter (34-37 Joer) iwwerschratt hunn, goufen duerchaus esou al ewéi mir haut. Et stemmt also guer net, dass den eenzelen Steenzäitmensch eng kuerz Liewenserwaardung hat. Et gesäit also ganz dono aus, dass esou den Tri gemaach gouf, a just déi Bescht bliwwe sinn an hier Genen un ons konnte weider ginn. Erstaunlecherweis ginn et bei den Ausgruewungen etlech Beweiser dofir, dass déi, déi esou al gi sinn ewéi mir haut, an engem vill besseren Zoustand gestuerwe sinn ewéi mir. De kierperleche Verfall wor wesentlech manner schlëmm ewéi deen vun haut: et gouf keng Osteoporose, keng Karies, keng Arthrite an aner Problemer, déi mir hautdesdaags mam Alter verbannen. Se woren erstaunlech fit bis zum Schluss an iergendwann emol huet et se awer erwëscht, well se mat der Zäit awer méi lues gi sinn. Och wann d’Liewen u sech méi haart wor, esou wor hire Gesondheetszoustand em Welte besser wéi onsen. Se woren dauernd op de Been, fir eppes ze iessen ze fannen a sinn dofir vill Kilometeren den Dag getrëppelt. An deem Zoustand wou mir haut sinn, ginge mer keen een Daag an der Welt iwerliewen, esou lues a schwaach si mer.

An d’Liewensmettel?

shutterstock_104127908

D’Iessen, dat mir virun 100.000 Joer zu onser Verfügung haten, huet net vill mat deem ze dinn, wat mir all Dag an onse Supermarchéë fannen. Genetesch si mir dofir gemaach, fir Geméis, Fleesch, Eeër, Fësch, Gefligel, Nëss an e puer Friichten ze iessen. Séiss wor d’Liewen net: huet een emol e Beiestack fonnt, huet een sech immens missen tommelen wann een sech do e bëssi Hunneg geklaut huet. D’Äppel vun deemools wore quasi ongenéissbar sauer a batter. D’Fleesch wor zu Liefzäiten selbstverständlech net maltraitéiert a schlecht gefiddert. Wann een sech en Déier gefaangen huet, da wor et artgerecht ernährt well et huet sech selwer drëms gekëmmert. Wat ons Ahnen deemools zu hirer Verfügung haten, koum alles aus der Natur. An an der Zäit wou mir nach keng Waffen haten, fir gréisser Déieren ze fänken, hu mir just dat giess, wat hier natierlech Raiberen ons iwwreg gelooss hunn. Dat wor – besonnesch an den Äiszäiten, wou et ausser Fleesch näischt gouf – Hiren a Knachemuerch. Dat ass bekanntlech och déi Phas, wou d’Gehir gewuess ass, an de Mënsch sech vum Aafemensch getrennt huet.

Proteinen, Fett a Kuelenhydrater aus Geméis an heiansdo e Stéck Uebst (wat deemools net séiss wor) wor alles, wat mir haaten an offensichtlech gebraucht hunn fir ons weider ze entwéckelen bis ….

160.000 Joer versus 10.000 Joer

shutterstock_316766429

Viru ronn 10.000 Joer, wou mir op eemol decidéiert hunn, fir sesshaft ze ginn a Landwirtschaft ze bedreiwen. Viru ronn 10.000 Joer koumen also Kären op eisen Ernährungsplang derbäi. An dat ass, erëm noweislech, déi Phase wou d’Degeneration vun onser Gesondheet ugefaangen huet: d’Skeletter, Zänn an och soss Iwwerreschter woren an engem méi schlechten Zoustand wéi déi vun den Urmënschen. Ons Genen hu sech an der Zäit awer kaum verännert. Se adaptéieren sech. Dat ass korrekt. Allerdings brauchen se dofir immens laang: Studien weisen, dass et ongeféier 50.000 Joer brauch, bis dass Genen sech genuch un eng nei Situatioun ugepasst hunn.

Mee elo kennt de richteg décken Tubak: déi lescht 100 Joer

shutterstock_213864724

D’Verännerungen vun de leschten 10.000 Joer bis elo wore fir onse Metabolismus enorm: de Mënsch huet sech ëmmer manner beweegt an huet dat giess, wat ronderëm him kultivéiert gouf. En huet dofir net méi kilometerlaang missen trëppelen an huet d’Kären en plus och am Laf vun der Zäit duerch verschidde Kräizungen staark verännert: d’URKORN, also déi Kären déi virun 10.000 op onse Menü komm sinn hunn näischt mat deene Kären ze dinn, déi mir haut iessen. Den Urkorn hat 4 Chromosomen a gouf am Laf vun der Zäit esou oft mat verschiddene Grieser gekräizt, dass en zu bibleschen Zäiten der schonn 14 hat. Haut huet en der 42! Eise Weess ass eng gentechnesch verännert Planz mat enormen Auswierkungen op d’Gesondheet vun onsem Daarm, dem Sëtz vun onsem Immunsystem.

An onst Fleesch? Di wichtegst Proteinequell? Et gëtt näischt méi schlëmmes wéi déi aktuell Massendéierelager! Mol ganz dovun ofgesinn, dass et onméiglech ass, domat d’Accord ze sinn, wéi mat deenen Déieren ëmgaange gëtt, ass et och esou, dass hiert Fleesch op Grond vun der falscher Ernährung och fir ons net méi gesond ass!  Virun allem an hirem Fett laueren Problemer.

Hautdesdaags ass awer net nëmme Fleesch e Problem, oder de Weess ze vill voller Gluten, mee och Uebst ass méi séiss wéi et vun der Natur virgesi wor. Iesst Dir industriell Saachen, dann iesst Dir virun allem Zocker a Weess. Alles muss sech esou laang wéi méiglech haalen a fir dass daat dann iwerhaapt nach schmaacht, gett et mat Chemie an Zocker versaat. Esou einfach ass et. Doduerch dass mir permanent mussen Insulin produzéieren fir de villen Zocker am Kierper ze géréieren, si mir dauernd hongereg. Praktesch fir déi, déi domat wëllen hier Sue verdéngen.

D’Chiffren vun der WHO sin eendeiteg: mir ginn zwar ëmmer méi an och méi al, dofir awer ëmmer manner gesond. Mir kennen awer eppes dogéint maachen: och haut ass et méiglech, esou ze iessen, wéi et vun onser Evolutioun virgesi wor. Fir eng besser Fitness an ouni sech mussen em säi Gewiicht Gedanken ze maachen.

Wéi wier et also mat enger (R)Evolutioun?

IMG_0014

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *