Iessen ass Medezin

Waat mir iessen mécht 80% vun onsem Succès a Punkto Gewiicht, Gesondheet a Fitness aus.

shutterstock_290066945

Fir d’éischt emol sollte mer ons also drëms këmmere, wat mir iessen, wéi vill dovun a wou dat Iessen hier kennt.

An di aaner 20%?

De Primal Liewensstil gesäit, nieft gesondem Iessen och vir, dass mir och gesond liewen. Laut onse 50.000 Joer ale Genen si mir nach ëmmer Jeeër a Sammler. Mir sollten net vergiessen, wat mir sinn a wou mir hierkommen: eng milliounelaang Evolutioun a ronderëm ons d’Natur. Primal ze liewen ass ganz einfach well et natierlech ass. Mir alleguerten sinn dofir gemaach fir:

Ons regelméisseg, lues a laang ze bewegen, ouni ons ze iwwerustrengen, esou wéi wa mer op der Sich no eppes Iessbarem an der Natur wieren

shutterstock_231019996

 

Chronesche Sport ze évitéieren deen ons midd a domat vulnerabel mécht a wéinst dem Stresshormon Cortisol zu systemeschen Entzündunge féiert

shutterstock_43264105

Alt emol schwéier Saachen ze bewegen/ophiewen, fir exzeptionell Situatiounen ouni Problem kennen ze meeschteren

shutterstock_385055464

Deen een oder aneren Sprint anzeleeën, fir enger geféierlecher Situatioun ze entkommen oder eppes ze joen

shutterstock_311190581

 

Genuch Sonn ze tanken, fir genuch Vitamin D ze produzéieren an esou de Kriibsrisiko ze reduzéieren (serieux!)

shutterstock_221409286

 

Am Rhythmus mat der Sonn ze schlofen an esou der Produktioun vun den liichtsensitiven Hormonen Melatonin (Schlofhormon) an an Serotonin (“wakrech” Hormon) gerecht ginn

shutterstock_121516522

Esou oft ewéi méiglech buerféiss ze goen

shutterstock_103015148

Beim Primal Liewensstil verhale mir ons onsem  geneteschen Code entspriechend a fannen esou ons Balance erem, och wa mir onst Ëmfeld drastesch verännert hunn. Ons Genen si nach ëmmer di selwecht wéi viru 50.000 Joer an déi brauchen natierlecht Liicht, genuch Schlof, regelméisseg awer keng chronesch Bewegung, deen een oder anere Kraaftakt oder Sprint oder natierlech Bewegung duerch buerféiss goen. Esou kenne mer net nëmmen méi fit, gesond a schlank bleiwen: mir ginn och méi belaaschtbar a Stresssituatioun a meeschtere Gefore besser. Säbelzahntigere ginn et hautdesdaags jo keng méi, dee gouf haut ersat duerch aner Geforen, wéi z.B. engem Camion ze entkommen, dee net stoe bleiwt während mir grad iwwert Strooss gin. Mir dierfe net vergiessen: och mat Armani, Boss & Co si mir genetesch gesinn ëmmer nach Urmënschen. Et ass duerchaus realistesch, sech deem unzepassen ouni dofir mam Adamskostüm mussen duerch d’Groussgaass ze trëppelen an d’Leit ze erféieren. Et ass eigentlech ganz einfach, Primal ze liewen. A méiglecherweis musst Dir dofir wesentlech manner oft Sport dreiwen, wéi Dir et haut maacht.

3 thoughts on “Primal Liewen

  1. It’s an awesome post for all the internet visitors; they
    will take advantage from it I am sure.

  2. Hallo Nathalie,
    schöne Seite – viel Erfolg und weiter so!
    Stephan

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *