Häerzlech Wëllkomm bei [R]Evolution
“Skandaléis sinn heescht, haut Saachen ze behaapten, déi an 10 Joer normal sinn.”
Wolinski
Häerzlech wëllkomm op mengem Blog [R]Evolution!
Endlech online!
Moien. Et huet e bëssi gedauert mee elo ass en do: mäi Blog ronderëm déi wichteg Themen Ofhuelen, Gesondheet, Fitness a villes méi. Hei wäert Dir e puer iwwerraschend Informatioune fannen, déi esou munches a Fro stellen, vun deem wat Dir bis elo iwwert déi Theme mengt,ze wëssen. Hei ass alles fondéiert, recherchéiert, studéiert an derwäert, gelies ze ginn. Dir wäert villes net gleewen, well d’Resultater vun den entspriechende Studien ganz seelen de Wee bis an d’Ëffentlechkeet fannen, a scho guer net kommerziell affichéiert ginn … haaptsächlech aus ekonomesche Grënn. Wann Dir awer dorunner interesséiert sidd, ofzehuelen, sech dobäi och nach wuel ze fillen, Är Fitness ze verbesseren an Ärer allgemenger Gesondheet e Gefalen ze maachen, dann maacht Iech op fir eppes Neies an huelt domat de Maximum aus Äre Genen. Vill Spaass beim Stöberen!
Fir unzefänken, invitéieren ech Iech op dëse Video wou Dir en Interview mam Mark Sisson kennt kucken. Hien ass de Papp vum The Primal Blueprint: reprogram your genes for effortless weight loss, vibrant health and boundless energy. Dat Buch gëtt et och op
![[R]Evolution](https://revolution.lu/wp-content/uploads/2019/04/cropped-cropped-Unknown-2.jpeg)




Kommentare