2018 / 2019

2018 / 2019

Hello and sorry, this blogpost only exists in my mother tongue Luxemburgish 🙂 I wish you a wonderful, healthy and successful 2019

Wéi hutt Dir dann Är Chrëschtdeeg verbruecht?

Roueg oder hektesch? Mat vill Kaddoen oder ganz einfach a relax? Hutt Dir vill ze vill giess a frot Iech elo, wéi Dir erëm zu Ärer Energie a Wuelbefanne kënnt zréck fannen?

Wéi wier et mat e puer Stonnen am Bësch?

Ootmen. Ofschalten. Einfach nëmmen trëppelen an de Moment genéissen. Kee Stau, keng Hektik, keng kënschtlech Beliichtung, kee Kaméidi, keng Reklammen, keen Handy. Et sicht een do och net laang no engem Parking, wann ee net ze Fouss oder mam Vëlo oder mam Zuch dohinner kënnt.

Einfach emol kee Stress.

De Bësch deet der Séil gutt, kascht näischt, ass ëmmer fir ons do. Dat wat mir am Bësch kréien, fënnt ee fir kee Geld vun der Welt an engem Buttek oder an engem Wellness Center.

Déi puer Stonne kënne mer entweder dozou notze, komplett ofzeschalten, net nozedenken a ons vollstänneg op ons selwer an onse Kierper ze konzentréieren. Wéi fillt sech onse Kierper un? Si mir fit oder awer vläicht e bëssi ausser Otem wa mer grad biergop ginn? Kënne mir mat zwee Féiss op dee Steen do hopsen? Oder hei ënnert deem ëmgefalle Bamstamm drënner erduerch krauchen? Ons mat Eleganz bécke fir e schéinen Dännenzapf opzerafen? Oder iwwert dee risege Pull do an der Mëtt vum Wee sprangen? Oder carrement iwwert déi kleng Baach dohannen? Deet eppes wéi? Oder fillt sech dat alles liicht a normal un?

E Réckbléck

Nodeems mir e bĂ«ssi esou ofgeschalt hunn, kĂ«nne mir elo och d’Joer gemitterlech Revue passĂ©iere loossen an ons froen, wat mir nächst Joer wĂ«lle besser maachen. Fir ons, fir ons FrĂ«nn, Famill a virun allem fir ons Ă‹mwelt. Ouni Zwang an ouni sech oder anerer ze culpabilisĂ©ieren. Et ass villes geschitt: Naturkatastrophen, Wiederkapriolen, en Donnerwieder op der Bourse trotz ofgebremstem Konsum-Wahnsinn, Aartestierwen a natierlech onse permanente Stress, deem mir ausgesat sinn, fir Ă«mmer mĂ©i zu deem Wuesstem, deen eigentlech alles zerstĂ©iert, musse bäizesteieren.

Gläichzäiteg bemierkt een awer och e vill mĂ©i e grousse kollektive Bewosstsinn doriwwer, dass mir onbedĂ©ngt eppes mussen änneren. An dass mir eigentlech villes esouguer scho selwer kĂ©inte maachen. Och wa mir selwer net un allem schold sinn wat schif leeft. An eigentlech och ouni eng europäesch Direktiv dĂ©i ons Schalimoen, Plastikstute oder vläicht och emol Dieselautoe verbitt. Ouni ofzewaarden dass en aneren ufänkt fir sech deem dann unzeschlĂ©issen. Well mir jo en “HäerdendĂ©ier” sinn a net opfale wĂ«llen an och well mir schliisslech net eleng op onse Luxus verzichte wĂ«llen. Eigentlech…

Alles matenee verbonnen

Ech sinn der dĂ©ifster Iwwerzeegung, dass alles, jo wierklech alles, eppes mateneen ze dinn huet. Dat wat mer iessen, wĂ©i mir ons (Ă«mmer manner) beweegen, wĂ©i mir onst Iessen zoubereeden a mat welche Boboe mir herno bei den Dokter oder an d’Apdikt oder en Heelpraktiker lafe fir dĂ©i Boboen ze eliminĂ©ieren. Mir sinn et gewinnt, dass ons dĂ©i gebroden Dauwen an de Mond flĂ©ien, dass mir alles praktesch op den DĂ«sch geliwwert krĂ©ien an dass mir glat a guer näischt dofir musse maachen. NĂ«mmen nach aus dem Plastik oder Kartong auspaken an erof domadder. An esou hunn dem Noper säin Diabetis, dem Aarbechtskolleg säi RĂ©ckewĂ©i, dem Kolleg seng puer Kilo mĂ©i op der Wo an der Mamm hir Osteoporos an esouguer verschiddene Bekannte hire Kriibs, hir Depressiounen an Autoimmunkrankheeten heefeg ee gemeinsamen Nenner: onsen Ă‹mgang mat ons selwer, mat onser Ă‹mwelt an onsem Iessen.

Mir verbrĂ©ngen dĂ©i Ă©ischt Halschent vun onsem Liewen domadder, ons Gesondheet ze ruinĂ©ieren fir dĂ©i Suen ze verdĂ©ngen dĂ©i mir herno brauchen fir Krankheeten ze bekämpfen. Stress an Hektik a Relatioun mat enger net aartgerechter Beweegung: de ganzen Dag sĂ«tzen, Autofueren… fir dann Owes am Fitness säi schlecht GewĂ«ssen op enger Maschinn lass ze ginn …. dat Ganzt an engem Cocon aus Komfort a SĂ©cherheet. GetrĂ©ischt gi mer mat sĂ«nnlosem Konsum. De Präis dofir bezuele mer längst scho net mĂ©i eleng, mee ons Ă‹mwelt an d’Kanner vun dĂ«ser Gesellschaft.

2019

Wéi wier et, wa mir ons einfach komplett nei géingen organiséieren?

Wat, wann dee “Verzicht” vun deem ech virdru geschriwwen hunn, eigentlech e GewĂ«nn wier? E GewĂ«nn u Gesondheet, Wuelbefannen, Nohaltegkeet a Fräiheet? Dat eenzegt, wourop ech an de leschte Joren mat der Astellung verzicht hunn, waren dĂ©i puer Kilo ze vill op der Wo a meng sĂ«llech Boboen. Ech hat dofir ronn 6 MĂ©int gebraucht an all Joer koumen nach e puer Verbesserungen derbäi. Virun e puer Joer hätt ech mir net kĂ«nne virstellen wĂ©i gutt et mir kĂ©int goen.

Onst Iessen an onst GedrĂ©nks kennt schonn zanter Millioune Joren aus der Natur an deemno och ouni Verpakung. Sammele beim Bauer geet mat just engem Kuerf. Beim (BIO!) Metzler gĂ«tt d’Fleesch net sous-vide am Plastik ageschweesst mee a Pabeier agewĂ©ckelt. Ă‹mmer mĂ©i Butteker, national an international, bidden NĂ«ss an ähnleches “en vrac” un. Villes dovunner ass bei wäitem net perfekt, mee et mierkt een awer plazeweis, dass sech eppes deet.

Sammelen … en Erliefnis

Akafe kann tatsächlech erĂ«m zu engem Erliefnis ginn: andeems mir bei echte Bauerebetriber, kooperativ Gäert oder schĂ©ine Mäert erĂ«m de Kontakt krĂ©ie mat MĂ«nschen, dĂ©i dovunner liewen, fir ons hiert GemĂ©is an Uebst zur VerfĂĽgung ze stellen. Wann ee wierklech keng Zäit huet: et gi Formullen, wou een sech eemol an der Woch kann e Kuerf heem bestelle loossen oder e siche goen. Eng “Paleo” Spaghetti zoubereeden dauert manner laang wĂ©i eng Nuddels-Spaghetti. Se kĂ«nnt net am Plastik a liwwert wäertvoll Vitaminnen a Mineralien. Et kritt ee manner eidel Kalorien an et ass een deemno mĂ©i laang zefridden an och nom Iessen nach fit – esouwuel mental wĂ©i och physesch. WĂ©i schĂ©i wier dat, wann d’Leit den Terrain dee ronderĂ«m hiert Haus oder hir Residenz iwwreg wier, net mĂ©i gĂ©inge mat Betoun, Steng oder engleschem Wues platt walzen mee do erĂ«m gĂ©ife selwer Kraider, Zalote, GemĂ©is, Blummen, Nossbeem/-hecken an Uebstbeem uplanzen? WĂ©i flott wier et wann ee kollektiv – ouni Näid – kĂ©int dovunner profitĂ©ieren? Wat gĂ©ingen d’Beie soe vu GlĂ©ck? Wa mir Ă«mmer drun denken, dass dĂ©i Iess-Saachen dĂ©i eng unzĂ©iend Verpakung brauche wou “gesond”, “licht” oder soss eppes drop steet eigentlech genee de Contraire vu gesond sinn (soss bräichten se dee Marketing jo net), da fält et ons nächst Joer vläicht net mĂ©i esou schwĂ©ier, drop ze verzichten.

Beweegung am Alldag

Mir trĂ«ppelen erĂ«m. Mir droen erĂ«m eppes heem. Waasser muss och net aus der Plastiksfläsch kommen. Onst Krunnewaasser ass total an der Rei, noutfalls kann een sech et awer och filteren oder sech e appetitlechen TĂ©i draus maachen. Wann ee säi Waasser lĂ©iwer aus Glasfläschen drĂ©nkt: wonnerbar, dann huet een och nach eppes fir seng Fitness gemaach wann ee se heem oder op den zweete Stack drĂ©it. Ouni de Lift ze huelen, versteet sech. WĂ©i wier et, wa vun elo un jiddereen fir Distanze vu bis zu 5-10 Kilometeren gĂ©ing entweder goen oder de VĂ«lo huelen an den Auto am Garage gĂ©inge stoe loossen? WĂ©i schĂ©in wier et erĂ«m an onse Stied mat manner Autosgestank a -kamĂ©idi a Parkingstress? WĂ©i frou wieren dĂ©i kleng Epicerien an der onmĂ«ttelbarer Noperschaft, wa jiddereen vun dem Gedanken alles “am groussen” anzekafen, gĂ©ing lassloossen a just dat mat heem brĂ©ngt wat e selwer packt?

Saisonal Gedanken

Wa mir ëmmer drun denken, dass et am Wanter keng Bounen hei gëtt, et sief dann et huet een am August dru geduecht, se anzefréieren, da keeft deemnächst och kee méi Bounen aus Kenia fir eng Bouneschlupp ze maachen. Villäicht bräicht déi iwwer-iwwer-nächst Generatioun sech dann och net méi iwwert Klimaerwiermung Gedanken ze maachen. Et ass ee nämlech mat all Schratt ewech vun onser lokaler Offer vun der Natur selwer un deem Mëssel bedeelegt, och wann een de Fliger net selwer geflunn huet.

Mam gudde Beispill vir

WĂ©i wier et, wa mir 2019 einfach nĂ«mme gĂ©inge probĂ©ieren, an deene Saache ausnamslos mam gudde Beispill virzegoen, amplaz drop ze waarden dass aner Leit et fir ons decidĂ©ieren, ons Gesondheet ons e StrĂ©ch duerch d’Rechnung mĂ©cht oder ons Kanner soen dass et esou lues duergeet mat dem ganze Knascht dee mer hinnen hannerloossen? Ech selwer hu scho vill geännert mee et feelen nach e puer Saachen dĂ©i ech dat nächst Joer elo och nach wäert attackĂ©ieren.

Paleo Buch Luxembourg

DĂ«st Joer hunn ech komplett an den DĂ©ngscht vu mengem Buch “Paleo” gesat, wat wäit mĂ©i ass wĂ©i e simpelt Buch iwwert JeeĂ«r a Sammler Ernierung. Et geet em e Liewen am Aklang mat der Natur an onse Genen. Ech vermĂ«ttelen hei net nĂ«mmen mäi WĂ«ssen zur Genetik, Biochemie, a Paleontologie. Ech liwweren och Ureegungen wĂ©i mir an dĂ«ser moderner Welt erĂ«m aartgerecht liewen an iesse kĂ«nnen, esou nohalteg wĂ©i mĂ©iglech an dat alles mat LĂ«tzebuerger Adressen. Et goung mir drĂ«m, ze weisen dass et – egal wat ee sech wĂ«nscht – mĂ©iglech ass: eng besser Gesondheet, eng besser Fitness, manner Knascht, mĂ©i Beweegung …. well ech hunn et selwer gemaach an erlieft. Well ech Ă«mmer weider an dĂ©i Richtung ginn, hunn ech awer och nach deen een oder anere Chantier bei mir entdeckt an dĂ©i kommen 2019 un d’Rei.

A wéi ass et bei Iech?

Ech soen Iech Merci dass Dir mech ëmmer erëm hei op menger Facebook Säit R)Evolution besiche kommt a meng Artikelen, respektiv déi aner Artikelen déi ech mat Iech deelen, liest.E gudde Rutsch an e schéint neit Joer 2019.

Nathalie

R)Evolution

 

Nathalie, born in 1970, married, 4 cats has been a client advisor in financial business for 25 years and has added the Primal Blueprint Certification to be able to advise clients in health/dietary and sports issues as well. She is exceptionally well positioned to help out as she not only has the theoretical knowledge but has experienced the same problems that many people face. The Primal and Paleo nutrition and lifestyles keep her healthy and strong. She has not visited a supermarket for food since January 2012 and finds all she needs on local markets. Today, she is plain fit, happy, strong and healthy. 3 sessions of High Intensity Training with Crossfit and Core Elements, regular bicycle trips and a lot of walking keep her fit to face all the challenges that life may present.


Newsletter

Top