The Primal Blueprint, Mark Sisson

The Primal Blueprint, Mark Sisson

Fir mech net nëmmen e Meeschterwierk a Punkto Motivatioun: the Primal Blueprint vum Mark Sisson.

Et ass net dat éischt Buch, wat ech zu dem Thema gelies hunn an och net dat lescht. Mee fir mech bis elo definitiv dat Bescht: de Mark Sisson versetzt een, op seng typesch amerikanesch Aart, an eng Form vu Begeeschterung, déi bei Fachbicher éischter seelen ze fannen ass. Hien schreift hei net nëmmen iwwert de Primal Ernährungsprogramm mee och iwwert d’Liewensart, déi dat Ganzt perfekt ofronnt. 10 einfach Regele bestëmmen, ënnert anerem, säi Programm a se stäipen sech op fondéiert historesch a biologesch Recherchen:

  1. Iesst vill Planzen an awer och (gesond!) Déieren
  2. Evitéiert toxesch Saachen
  3. Beweegt Iech regelméisseg an engem luesen Tempo
  4. Hieft schwéier Saachen
  5. Leet deen een oder anere Sprint an
  6. Schlooft adequat
  7. Spillt
  8. Genéisst genuch, awer net ze vill Sonn
  9. Evitéiert domm Fehler
  10. Benotzt Äert Gehir

Dat klengt alles esou banal a selbstverständlech, dass et eigentlech iwwerraschend, wann net esouguer erschreckend ass, wéi wéineg Leit sech drun halen. Wann Dir Iech no deser Philosophie riicht, da gitt Dir e grousst Stéck sou genanntent “Allgemengwëssen” op, wou jo nach ëmmer behaapt gëtt, dass ee Fett soll reduzéieren, méi Käre soll iessen a regelméissege Sport soll dreiwen. Wann Dir awer Primal wëllt liewen, also schlank, fit a gesond sinn, da musst Dir: méi gutt Fetter konsuméieren, Kären evitéieren a manner chronesche Sport dreiwen. D’Allgemengwësse fonctionnéiert bekanntlech net. Et mécht ons fett, krank a stresst onse Kierper an ons Séil. Dëst Buch kann Iech dozou motivéieren, deem de Réck ze dréinen.

Nathalie, born in 1970, married, 4 cats has been a client advisor in financial business for 25 years and has added the Primal Blueprint Certification to be able to advise clients in health/dietary and sports issues as well. She is exceptionally well positioned to help out as she not only has the theoretical knowledge but has experienced the same problems that many people face. The Primal and Paleo nutrition and lifestyles keep her healthy and strong. She has not visited a supermarket for food since January 2012 and finds all she needs on local markets. Today, she is plain fit, happy, strong and healthy. 3 sessions of High Intensity Training with Crossfit and Core Elements, regular bicycle trips and a lot of walking keep her fit to face all the challenges that life may present.


Top
YouTube
YouTube
Instagram
Follow by Email