Mam Vëlo an der Stad

Diesen Artikel habe ich in Luxemburgisch verfasst. Er beschreibt die Zustände auf den hautstädtischen Fahrradwegen.

Déi, déi mech (a mäi Mann) kennen, wëssen dass de Vëlo eist Liiblings Fortbeweegungsmëttel ass an dass ech a reegelméissegen Ofstänn Reklamm dofir maachen: en hëlt manner Plaz ewech, kee Stau, kee Parking-Problem an och eng besser Gesondheet … Dir kennt meng Leier.

Virausgesat…

D’Foussgänger an Autosfuerer léieren endlech erëm, mat méi Respekt a gesondem Mënscheverstand mat der zousätzlecher Alternativ am Stroosseverkéier ëmzegoen.

D’Stigmatiséieren vum Vëlo, egal a welche Medien, ass omnipräsent:

D’Vëlosfuerer sinn all (!!!) respektlos Rowdyen déi iwwert den Trottoir fueren an do d’Leit erschrecken (egal ob déi en net héieren hunn well se mat engem Kopfhörer oder mam Handy virun der Nues trëppelen), oder déi duerch e Sens interdit oder iwwert d’Busspur fueren well kaum ee weess, dass dat op ville Plazen vum Code de la Route esouguer erlaabt ass. An heiansdo maache se och nach méi verbuede Saache mangels bessere Léisungen oder wéinst Geforen, déi d’Foussgänger oder d‘ Autosuferer aus hirer Perspektiv natierlech net gesinn.

Et gi natierlech iwwerall schwaarz Schof mee dorausser eng allgemeng gülteg Reegel ze maachen ass net nëmmen net ganz intelligent, mee behënnert um Enn och deen, dee mengt, mat deem Viruerteel am Recht ze sinn.

„Klamm vun Dengem blöde Vëlo erof“

Deem relativ voluminösen Här, dee mech an der Groussgaass mat deem Saz onhéiflech ugebaupst huet (ech hat em och net den „Du“ ugebueden), sief gesot: ech war net nëmmen am Schrëtt-Tempo ënnerwee mee si virun Iech och nach stoebliwwen. Um Vëlo: jo, et gi Leit, déi dat kënnen. Är Madamm war méi frëndlech wéi Dir a wollt mech léif laanscht loossen. Dir waart am Nirwana an hutt dat net matkritt, mee zu kengem Moment waart Dir a Gefor. Mam „Vëlo à la main“ wier ech ganz genee sou lues an ongeféierlech ënnerwee gewiescht, hätt just nieft dem Vëlo duebel esou vill Plaz ewech geholl.

Gären hätt ech Iech och déi heite Foto gewisen a gesot: deen Dag, wou ech vu manner ewéi 10 Foussgänger um Vëloswee behënnert ginn, klammen ech dann an der Foussgängerstrooss och erof, esouguer wann et fir Iech absolut keen Ënnerscheed mécht. Ech weess jo, dass ville Leit de léiwe Prinzip méi wichteg ass ewéi d’Realitéit an de gesonde Mënscheverstand.

Vläicht wier et awer och net schlecht fir Iech an Är Gesondeet, och emol op de Vëlo ze klammen: Är léif Fra hätt eventuell méi laang vun Iech an Dir géingt vläicht léieren, d’Situatioun aus der anerer Perspektiv ze gesin.

Net manner wéi ee Mount ass et hier, wou ech der Ville de Luxembourg deen heite Message hu misse schécken:

Moien!

Dass Busse sech vis à vis vu Veloën dacks net wierklech korrekt verhale, si mer jo bal scho gewinnt. Mee Dir kënnt der Busschauffermadamm, déi mech elo bal iwwerrant huet, awer gären de Code de la Route nach emol erklären: ech sin um Vëloswee riichtaus gefuer a si ass lénks ofgebéit. Wien do Virfaart huet, schéint relativ kloer ze sinn. A se ka mech och net iwwersinn hunn, well se huet mech dobäi riicht an d‘Gesiicht gekuckt. Beim schloe Reen, wou meng Bremsen anescht fonctionnéieren wéi soss, wier dat elo bal ganz ganz schlecht ausgaangen. Ech wäert des Reklamatioun och un Vëlosinitiativ an un d‘Police weiderginn, dat do war elo definitiv d‘Drëps déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet! 

Ech krut e Bréif mat enger hallefhäerzeger Excuse (fir Onannehmlechkeeten) an dass ech en Dossier bei hinne ka consultéieren. Mäi Mann krut fir eng ähnlech Situatioun eng wesentlech méi korrekt Excuse, mee déi war allerdéngs vun enger privater Busgesellschaft.

Den Disrespekt vis à vis vum Vëlo ass heiansdo grenzelos an och d’Autoritéite maache mat, respektiv maache näischt, fir un der Situatioun eppes ze verbesseren:

Dofir sinn ech och Member bei www.velo.lu

Déi setzen sech effektiv intensiv fir de Vëlo an. Et geléngt hinnen net alles mee se maachen der Politik nawell zimlech Feier a schaffen onermiddlech dofir, den Trafic ëm dës zousätzlech Optioun ze erliichteren. Ech war bei hirer Assemblée générale an enorm beandrockt iwwert d’Vehemenz, d’Direktheet an hiren energeschen Asaz. Et kann een och Coure bei hinnen huelen, fir dass d’Angscht Iech net dovunner ofhält et awer ze maachen, och wann ee sech an der Stad zimlech vill muss gefale loossen.

Wëllt Dir net och do Member ginn? Et ass wierklech net deier!

PS: dat wat se an der Avenue de la Gare gemaach hunn, fannen ech och net immens; dat huet näischt mat engem Gesamtkonzept ze dinn a verstäerkt a mengen Aen just d’Stigmatiséieren vum Vëlosfuerer.

Un d’Politiker, déi sech mam Thema Vëlo an der Stad „beschäftegen“: 2 Halschente maache net ëmmer ee Ganzt!


(R)Evolution.lu on Facebook

Top