Symbiosis – sym·​bi·​o·​sis

The living together in more or less intimate association or close union of two dissimilar organisms (as in parasitism or commensalism)

https://www.merriam-webster.com/dictionary/symbiosis

Virun e puer Joerhonnerte gouf dës Géigend bewunnt a no a no ziviliséiert. Se ass räich u wonnerbaren natierlechen a kulturelle Schätz, déi esouwuel vun hire Bewunner wéi och vun de Visiteuren appreciéiert gëtt. D’Landschaft vermëttelt Rou a Respekt. Onziviliséiert Verhale gëtt net toleréiert. Jidderee soll esou an de Genoss vun dëser Géigend kommen, wéi wann en den alleréischte Visiteur wier, dee jeemools de Buedem betratt hätt. Onse Passage soll kengerlee Spueren hannerloossen, d’Biosphär bleift onverännert erhalen.

Esouguer d’Stad ass propper: keng Zigarettestëmp, kee Plastik, keng Schnappecher, kee Knätsch um Trottoir. Et ass ewéi geleckt.

Beim Tour mam Vëlo wou ee vun elauter Staunen alt emol spontan stoe bleift fir anzeootmen, d’Landschaft ze genéissen an d’Vue op sech wierken ze loossen, gëtt ee vun de frëndleche Bewunner onopgefuerdert gefrot, ob een hir Hëllef brauch. D’Leit hu net vill a se brauchen och net vill. Se si relativ autark, ausseruerdentlech léif mat den Déieren a respektéieren hir Ëmwelt. Wäit a breet ginn et keng mat Plastik iwwerdeckte Monokulturen, d’Leit hunn hire Gaart, e puer Friichtebeem, hir Déieren an de Rescht vun der Natur ass: Bësch a Blummen esou wäit wéi d’Ae kucke kënnen. D’Kéi stinn a riisege Blummewisen, do kann d’Schwäiz emol net mathaalen. Eng detailléiert Landkaart informéiert am Kader vum Agroxerxa-Projet, wou een déi lokal Produiten ka fannen a wat fir e Wee se zréck geluecht hunn.

De Mënsch a perfekter Symbios mat Fauna a Flora

Dat hei ass keen Dram vun enger perfekter Welt déi et längst net méi gëtt an och kee Walverspriechen esou kuerz virun den Europawalen. Déi Partei, déi mir dat heite géing verspriechen, géing ech awer direkt wielen. Ech hun d’Walprogrammer gelies: mir bleift op Dauer wuel nëmmen d’Auswanderung.

Beim Potere mat den Awunner mierkt een awer och, dass et net ëmmer esou perfekt ass, wéi si et gären hätten: am Juli an August gi se, wéi esou vill aner Vakanzendestinatiounen, vu villen Touristen iwwerrannt, déi dat mam Respekt net onbedéngt esou enk gesinn an iwwert d’Insel trampelen, ganz nom Motto “no mir d’Sintflut”.

Mee … dono gëtt dann eben geraumt, gebotzt a fir déi, déi am Hierscht, respektiv am Fréijoer bis Juni kommen, bitt sech erëm dee Paradäis, wat ech déi lescht Woch hunn dierfen entdecken: Menorca.

Fir mech e Virbild a Saachen Nohaltegkeet, Frëndlechkeet a Respekt, vis-à-vis vun anere Mënsche mee virun allem vis-à-vis vun der Natur an den Déieren. Et ass sécher net alles 100% perfekt, mee et kann ee sech enorm vill ofkucken a probéieren, et fir sech selwer a sengem Ëmfeld ëmzesetzen, onofhängeg dovunner wat Politik ënnerstëtzt a wat net. Par Rapport zu hinne si mir an deene Saache wäit hannendran.


(R)Evolution.lu on Facebook

Top