E staarken Immunsystem fir ons all!

E staarken Immunsystem fir ons all!

Vire ginn et schonn esou laang wéi et Mënsche gëtt. E gesonden Immunsystem kann awer domadder eens ginn! Hëlleft deemno Ärem Immunsystem, Iech ze hëllefen. Awer net nëmmen elo: E staarken Immunsystem hält ons op Dauer gesond a schützt ons idealerweis géint all méiglech Menacen, net nëmmen elo géint de Covid-19!

Moien Dir léif Lieser 

An de leschte Wochen, a verstäerkt an de leschten Deeg, gouf ech heefeg gefrot, wéi ee säin Immunsystem ka stäerke, fir dem Covid-19-Virus Meeschter ze ginn. 

D’Fleeg vum Immunsystem ass jo eigentlech eng 365 / 7 / 24 – also liewenslänglech – Responsabilitéit a net eppes, wat ee kuerzfristeg mécht. Aus eegener Erfarung weess ech glécklecherweis awer och, dass et ni ze spéit ass, fir domadder unzefänken. Schliisslech war ech laang genuch krank an hu mam Ëmkrämpele vu menger Ernierung net nëmme mäi Gewiicht mee och a virun allem meng Gesondheet an de Grëff kritt. 

Allem viraus: et stäerkt ee säin Immunsystem definitiv net, andeems een de Supermarché eidel raumt an do haaptsächlech Miel, Nuddele, Räis, Conserven, UHT-Mëllech, Kichelcher a Toilettëpabeier keeft. Mat Ausnam vum leschten sinn dat nämlech souwisou genee déi Liewensmëttelen déi onsen Immunsystem op Dauer tatsächlech schwächen. En plus, wann een an de leschte Joren ze vill dovunner giess huet, dann hu grad déi “Liewensmëttelen” d’Grondlag dofir geluecht, dass een dem Virus elo méiglecherweis tatsächlech net gewuess ass. Si fëlle nämlech just kuerzfristeg onse Mo – a vermëttelen ons deemno och just fir e kuerze Moment d’Gefill, sat ze sinn. Bis dass den Insulinspiggel an de Vitamin- a Mineralstoffmangel sech a Form vun Honger zréck mellen an dat ganz Spill erëm vu vir ufänkt. Konsequenze vum reegelméissege Konsum vun deene Liewensmëttele sinn eng systematesch Entzündung vum Organismus, en iwwerfuerderte Metabolismus, eng Schiedegung vum Daarm (dem Sëtz vun onsem Immunsystem) an d’Onfäegkeet, och emol e puer Deeg ouni Iessen auszekommen.

Mat deene “Liewens”-mëttelen leeë mir d’Grondlag fir eng verschlechtert Liewensqualitéit an der 2. Hallschent vum Liewen – och e plötzlechen Häerzinfarkt kënnt net ouni daß mir jorelaang eppes dozou bäigedroen hunn.

Tatsächlech ass et esou, dass déi Liewensmëttelen déi bei der Annonce vum Confinement an zum Deel esouguer haut nach verstäerkt an de Caddie geluecht ginn, op Dauer méi Leit ëmbréngen wéi de Corona-Virus. Just dass et eben esou laang dauert, dass ee sech méi einfach ka beléien an engem aneren (senge Genen, z.B.) d’Schold fir säi Mëssel ka ginn oder sech praktescherweis laang der Illusioun kann higinn, dass et eng kuerzfristeg Solutioun aus der Pharmaindustrie gëtt.

Et ginn awer keng kuerzfristeg Solutiounen fir laangfristeg accumuléiert Problemer!

Big Pharma päscht just eng Plooschter op d’Symptomer. Esou laang ee net selwer bereet ass, un der Ursaach ze schaffen, brauch ee Joer fir Joer eng méi grouss Plooschter … an/oder Jeans Box. An d’Pharma-, Ernierungs an um Enn och Fitness- a Wellness Industrie verdénge sech domadder domm an däämlech. Wou ech am Ufank vum Confinement am Bio-Buttek war, fir meng Kommissiounen ze maachen, war ech deemno net wéineg iwwerrascht, eigentlech esouguer entsat a gläichzäiteg awer och héich erfreet, dass grad dat, wat elo sollt giess ginn, dat eenzegt war, wat nach an de Regaler iwwreg war: Lokaalt Geméis an Äppel (dat eenzegt Uebst wat et zu Lëtzebuerg an dëser Saison nach gëtt) Liewensmëttele mat ville Batterstoffer, déi dem Daarm am meeschte Freed maachen. Wéi praktesch, dass beispillsweis grad elo Chicone an deemnächst och Pissenlits Saison hunn …  ansonste kann ee säin Daarm perfekt mat Sauerkraut, Knuewelek, Topinambur, Ënnen, Salsifi a Poretten stäerken. Aus frësche Brennessele kënne mir deemnächst eng Superfood Zopp oder en enorm leckeren, vitaminräichen a virun allem gënschtege Pesto zoubereeden. Wichteg Präbiotika fannt Dir och am Kimchi oder Kombucha. Am Moment hunn och nach vill Kabeszorten Saison. Gräift zou, och déi si voller Vitaminnen a Mineralstoffer; ausserdem hale se sech méi laang wéi eng frësch Zalot, déi een idealerweis frësch ësst. Zaloteblieder aus enger Plastikstuut kommen deemno selbstverständlech net a Fro!

Sidd wann ech gelift kompromësslos bei der Qualitéit beim Fleesch, Gefligel an den Eeër: ouni Medikamenter, Hormoner, chemesch Additiven bei hirem Iessen an ouni Stresshormoner. Besser keng déieresch Produiten wéi déi falsch! Vill gesond Fetter: Olivenueleg, Läinueleg, Nëssueleg, Schmalz (vu gesonden an aartgerecht gehalenen Déieren), Ghee an och Kokosfett an Avocadoen, déi zwou lescht Varianten awer just fairtrade. A natierlech Nëss! Ideal sinn déi gedrëchent lokal déck Nëss. Gesond Fetter siedegen a reduzéieren déi systematesch Entzündung am Kierper.

Gefruere Bieren aus dem leschte Summer: Äerdbier, Hammbier, Molbier, Schwaarzbier … keng “frësch” Äerdbieren, déi ginn et hei nach net. Déi gi gréng gepléckt, hu nach net dat entwéckelt wat mir brauchen an dann iwwert e puer Dausend Kilometeren heihinner gefouert. Wa keng méi do sinn, da verzichte mir eben drop. Ganz einfach. Dat ass keng Penurie, dat ass Natur!

Frëschen Ingwer, Curcuma an (dat ass meng Ausnam a Saache lokal!) frësch Zitrounen. Aus deenen 3 Zutaten preparéieren ech mir all Moien eng Infusioun déi ech iwwert den Dag verdeelt drénken. Einfach 1-2 cm Curcuma an Ingwer a kleng Stéckelcher/Würfele schneiden. E Rondel Zitroun derbäi a mat kachendem Waasser opschëdden. Wie wëll, kann e bëssi Hunneg derbäi maachen, awer net ze vill, well och dat ass Zocker a mécht hongereg. Drénkt sech waarm oder kal, esou wéi et grad passt.

Iwwregens ass reegelméissegt Drénken souwisou an am Moment eng extra gutt Iddi: wann een de Virus ageotemt huet an dee nach am Raachenraum ass, da kann een e mat Drénken an de Mo erofspullen, wou en duerch d’Mosaier net iwwerlieft!

Dat, wat och nach wichteg ass, a mir nët am Butték fannen: Gitt vill eraus an d’frësch Loft, a reegelméisseg an d’Sauna (och wann dat elo leider verbuede gouf, mee vergiesst et net, wann dat erëm ugeet). Beweegung am Alldag ass enorm wichteg a kuerz Seance Kraafttraining hunn e besonnesch gudden Effekt op onsen Immunsystem. De Fitnesszenter huet jo leider elo zou, mee Kraafttraining léisst sech och doheem einfach erfannen. Bauchmuskelen, Planks, Pompelen, Kniebeugen, Biceps mam Sträckeisen trainéieren oder e Fitness Parcous am Bësch bei dem schéine Wieder am Moment … Gitt kreativ, am Moment ass genuch Zäit dofir! Dat eenzegt, wou ech am Wanter supplementéieren, ass beim Vitaminn D. Schliisslech kann een esou frou si mat der Natur wéi ee wëllt: hei zu Lëtzebuerg feelt et an de Wanterméint definitiv un der Sonn, déi mir brauchen fir onsen Immunsystem ze ënnerstëtzen. Et gi gutt Supplementer an ech hunn och e Favorit, mee an dësem Artikel wëll ech keng Reklamm maachen fir een wann en anere vläicht eppes huet, wat grad esou gutt ass. Renseignéiert Iech, och bei Ärem Dokter. Wat Är Hautfaarw méi donkel ass, wat Dir es méi braucht!

Hei elo nach en appetittlecht Rezept fir e staarken Daarm, de Sëtz vun onsem Immunsystem, a manner Honger: ½ Fenchel, ½ Apel, 1 Staang Sellerie, frësch Peffermënz an 100ml Kefir an 2 TL Leinsamekären an 1 Iessläffel Haferkleie. Alles an engem Mixer zesumme mat 100 ml Waasser puréieren a genéissen. Vill Waasser dono drénken!

An um Enn net vergiessen: och wann et enorm schwéier fält, well d’Noriichte effektiv ausseruerdentlech belaaschtend sinn: Stress an Angscht schwächen duerch d’Hormon Cortisol den Immunsystem enorm! Reegelméisseg laachen, mat de Kanner, déi elo doheem sinn, vill spillen, sangen an danzen … a sech intellektuell oder kreativ beschäftegen. Dat lenkt of an hëlleft, de Fokus op agreabel Aktivitéiten a Momenter ze lenken a reduzéiert esou d’Stresshormoner.

Hei da nach en Anti-Stress Drink:
2 TL Kakaopulver, 200ml Mandelmëllech (ouni Zocker!) 1 EL Läin- oder Nossueleg. Fest mixen, esou dass de “Schocki” schäimt. Genéisst sech kal a waarm.

Vergiesst net, genuch ze schlofen an ze regeneréieren a fir de Rescht sinn d’Recommandatioune vun de Santés-Autoritéiten en absolute Muss, och wann eenzelner dovunner e bëssi spéit obligatoresch gi sinn. Mat enger grousser Portioun Menscheverstand, Disziplin an Eegeninitiatiiv, kann een et esouguer nach besser maachen wéi si et recommandéieren.

Loosst ons einfach all zesumme mam gudde Beispill virgoen.

Gudden Appetitt, Courage a léif Gréiss

Nathalie Meier 

Nathalie, born in 1970, married, 4 cats has been a client advisor in financial business for 25 years and has added the Primal Blueprint Certification to be able to advise clients in health/dietary and sports issues as well. She is exceptionally well positioned to help out as she not only has the theoretical knowledge but has experienced the same problems that many people face. The Primal and Paleo nutrition and lifestyles keep her healthy and strong. She has not visited a supermarket for food since January 2012 and finds all she needs on local markets. Today, she is plain fit, happy, strong and healthy. 3 sessions of High Intensity Training with Crossfit and Core Elements, regular bicycle trips and a lot of walking keep her fit to face all the challenges that life may present.

Tags: , ,
Top
YouTube
YouTube
Instagram
Follow by Email