E puer Wuert iwwert mech
Haut sinn ech ënner anerem e Primal Blueprint Certified Coach
Dat wor awer nach laang net ëmmer esou!
Ech hunn esou laang mat mengem Gewiicht gestridden, dass ech scho bal vergiess hunn, wéini et eigentlech ugefaangen hat. Ech huelen un, dass d’Fundament iergendwou an der Kandheet geluecht gouf. Deemools gouf et natierlech Brout, Gebeess, Schockelasbotter, Cornflakes & Co, Müsli, Schocki, Geméis aus der Bécks, Limonaden, Nuddelen, Zoossen, Fritten… Industriellt Iessen, dat versprach huet, dass d’Liewen elo vill méi praktesch a méi schnell wäert fonctionnéieren wéi fréier. Mat deem Kascht gouf een allerdéngs just op Zocker konditionéiert … wat deemools natierlech kee wousst. Bon, vläicht meng Bomi, déi nach reegelméisseg Geméis aus dem Gaart op den Teller bruecht huet an méi wéi eemol de Kapp gerëselt huet bei esou vill moderne Saachen. Mee et war eben esou: Elteren déi allen zwee vill geschafft a sech keng Gedanken doriwwer gemaach hunn, am Vertrauen dorop, dass dat wat um Pak steet, schonn iergendwéi richteg ass. Als Teenager war ech op emol net méi zefridden mat mengem Kierper, dobäi war et deemools nach guer net dramatesch … mee awer Limitt genuch, fir mäin “éischte Regimm” ze starten.
D’Odyssee
Ouni et ze wëssen, hunn ech mat der Decisioun déi richteg Katastroph a Gang gesat. Ech hat keng Anung iwwer hormonell a biochemesch Prozesser am Kierper. Ech hunn dat gemaach, wat praktesch all Mënsch deemools gemaach huet an meeschtens haut nach mécht: Kee Fett méi, méi Kuelenhydrater, e bëssi Fleesch. Wéineg Eeër. Dernieft ëmmer vill (ze vill) chroneschen an exzessiven Sport. Déi haartnäckeg Disziplin gouf awer heiansdo duerch Verletzungen oder Stressphasen (Aarbecht, Privat) ënnerbrach. An der Zäit hunn ech meeschtens alles erëm bäigeholl a bei all Aller-Retour koumen als Extra Bonus esouguer e puer zousätzlech Pond derbäi. Et war en Däiwelskrees aus Honger, “sportlechem Masoschismus”, erëm bäihuelen an erëm vu vir ufänken. Alles wat ech domat erreecht hunn, war d’komplett Zerstéierung vu mengem Stoffwiessel, well:all Regimm, egal wéi harmlos en och ass, dreift ee méi déif an den Ofgrond, aus deem ee sech laangfristeg muss erausbuddelen.
Et huet awer geklappt
Iergendwéi… Meeschtens war ech tatsächlech schlank. Vun allem iessen awer ni ze vill. A scho guer net vill Fett. Dat war meng Devise. Ech kenne praktesch d’Kalorienunzuel vun all Liewensmëttel. Heiansdo war ech esouguer esou extrem, dass ech ze vill dënn war. Et war JUST eng Fro vun Wëllen an Disziplin. Mat Liewensqualitéit, Freed um Iessen a virun allem Gesondheet hat dat näischt ze dinn. Mäi Liewen gouf diktéiert vum Kalorienzielen, Lafen bis zum Marathon an éiweger Selbstkontroll. Ophalen war keng Optioun. A wann ech et awer gemaach hunn da krut ech ganz schnell d’Rechnung presentéiert. Et gouf eng Phase wou et berufflech zimlech stramm ginn ass a meng Prioritéiten verrëtscht sinn. Keng Zäit méi fir mech an eng deck Portioun negative Stress derbäi … iergendwann krut ech e Warnschoss vum Dokter: ech war > 100 Kilo schwéier, esou vill wéi nach ni … hat innerhalb vun deenen 2 Stress-Joren 30 Kilo bäigeholl an hat gesondheetlech Problemer déi direkt domat verbonne waren: héije Bluttdrock, schlecht Bluttwäerter, Kuerzotmegkeet, schlechte Schlof. Vun der Doktesch krut ech en Tuyau, deen alles verännert huet: wat, wann et net d’Fett wier, mee den Zocker an d’Kären? An eng Buchrecommandatioun, déi alles a Gang gesat huet. Dat war de Moment wou ech decidéiert hunn, ëmzedenken. An zwar vu Grond op.
D’Erléisung
Zanter Januar 2012 interesséieren ech mech ëmmer méi fir den Primal Liewensstil. Ugefaangen huet et mat “Low Carb, high Fat”, also enger Ëmstellung op méi Fett an manner Kuelenhydrater. Vum 1. Januar bis Enn Mäerz dat Joer ware ruckzuck 10 Kilo fort. En plus, ouni hongereg ze sinn. Gläichzäiteg hunn ech gemierkt, wéi d’Energie zréck koum. Ech krut Loscht, mech erëm ze beweegen. Ech sinn esou rapid méi staark a fit ginn, dass esouguer den Trainer gestaunt huet. Dës Kéier wollt ech awer net erëm iergend eppes maachen, just well et kuerzfristeg fonctionnéiert. Dës Kéier wollt ech verstoen firwat et esou gutt geklappt huet a wat am Kierper genau passéiert, virun allem well et de Contraire ass, wat Jänni a Männi verzielt.
Schliisslech ass et genau de Contraire vun deem, wat mir dauernd gesot kréien oder liesen.
Esouguer haut, wou et duerch seriö Studien déi keen Sponsor aus der Liewensmëttel- a Pharmaindustrie am Réck hunn, längst widderluecht ass, gëtt ëmmer nach vum Kalorienzielen an dem béise Fett geschwat…. Ech hunn ee Buch no dem anere verschlongen, wëssenschaftlech Etüden duerchgeschafft bis dass ech se verstanen hunn an den Thema dann och nach studéiert. Am Februar 2015 krut ech dunn den Zertifikat “Certified Primal Blueprint Expert”. Hei sinn ech: esou gesond a fit ewéi nach ni. Ouni chronesche Sport. An zwar mam theoreteschen andem praktesche Bagage, fir Iech dat Wëssen weider ze ginn.
Ech halen Iech hei um Lafenden: hei fannt Dir Bicherrecommandatiounen, Etüden, Videoen, Rezepter oder interessant Experienzen déi Iech wäerten dobäi hëllefen, Är Positioun ze iwwerdenken. Hei fannt Dir am Laf vun der Zäit alles wat Dir dofir braucht.
Merci fir Äre Besuch op mengem Blog a wann Dir Loscht hutt, mech mat Froen ze kontaktéieren, da kennt Dir dat hei maachen.
![[R]Evolution](https://revolution.lu/wp-content/uploads/2019/04/cropped-cropped-Unknown-2.jpeg)




Merci fir Däi Feedback!