Primal Liewen

Iessen ass Medezin

shutterstock_290066945

Wat mir iessen mécht 80% vun onsem Succès a Punkto Gewiicht, Gesondheet a Fitness aus.

Fir d’éischt emol sollte mer ons also drëms këmmere, wat mir iessen, wéi vill dovun a wou dat Iessen hier kennt.

An déi aner 20%?

De Primal Liewensstil gesäit, nieft gesondem Iessen och vir, dass mir och gesond liewen. Laut onse 50.000 Joer ale Genen si mir nach ëmmer Jeeër a Sammler. Mir sollten net vergiessen, wat mir sinn a wou mir hierkommen: eng milliounelaang Evolutioun a ronderëm ons d’Natur. Primal ze liewen ass ganz einfach well et natierlech ass. Mir alleguerten sinn dofir gemaach fir:

  • Ons reegelméisseg, lues a laang ze beweegen, ouni Iwwerustrengung, esou wéi wa mer op der Sich no eppes Iessbarem an der Natur wieren
  • Chronesche Sport ze evitéieren deen ons midd a domat vulnerabel mécht a wéinst dem Stresshormon Cortisol zu systemeschen Entzündunge féiert
  • Alt emol schwéier Saachen ze bewegen/ophiewen, fir exzeptionell Situatiounen ouni Problem kennen ze meeschteren
  • Deen een oder aneren Sprintanzeleeën, fir enger geféierlecher Situatioun ze entkommen oder eppes ze joen
  • Genuch Sonn ze tanken, fir genuch Vitamin D ze produzéieren an esou de Kriibsrisiko ze reduzéieren (seriö!)
  • Am Rhythmus mat der Sonn ze schlofenan esou der Produktioun vun den liichtsensitiven Hormonen Melatonin (Schlofhormon) an an Serotonin (“Waakrech” Hormon) gerecht ginn
  • Esou heefeg ewéi méiglech buerféiss goen

Beim Primal Liewensstil verhale mir ons onsem geneteschen Code entspriechend a fannen esou ons Balance erëm, och wa mir onst Ëmfeld drastesch verännert hunn. Ons Genen si nach ëmmer di selwecht wéi viru 50.000 Joer an déi brauchen natierlecht Liicht, genuch Schlof, reegelméisseg awer keng chronesch Beweegung, deen een oder anere Kraaftakt oder Sprint oder natierlech Beweegung duerch buerféiss goen. Esou kenne mer net nëmmen méi fit, gesond a schlank bleiwen: mir ginn och méi resistent a Stresssituatioun a meeschtere Gefore besser. Säbelzahntigere ginn et hautdesdaags jo keng méi, dee gouf haut ersat duerch aner Geforen, wéi z.B. engem Camion ze entkommen, dee net stoe bleift wärend mir grad iwwert Strooss ginn. Mir dierfe net vergiessen: och mat Armani, Boss & Co si mir genetesch gesinn ëmmer nach Urmënschen. Et ass duerchaus realistesch, sech deem unzepassen ouni dofir mam Adamskostüm mussen duerch d’Groussgaass ze trëppelen an d’Leit ze erféieren. Et ass eigentlech ganz einfach, Primal ze liewen. A méiglecherweis musst Dir dofir wesentlech manner oft Sport dreiwen, wéi Dir et haut maacht.


Merci fir Däi Feedback!

Deng E-Mail-Adress gëtt net verëffentlecht Required fields are marked *

*

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.

Newsletter

Top
YouTube
YouTube
Instagram
Follow by Email